De Gros feelt an der Konstruktioun, mä generell wier all Secteur concernéiert. De Manktem huet mam Wuesstem an der Modernisatioun vum Handwierkssecteur ze dinn. Awer och mat Leit, déi a Pensioun ginn an de Familljecongéen.
Zanter 135 Joer gëtt et Ateliers Mécaniques zu Biissen. Am Ganze schaffen 48 Salariéen am Familljebetrib. Ma 4 bis 5 Stéck kéinten awer direkt agestallt ginn. De Personalmanktem huet en negativen Impakt op d'Geschäft vum François Dostert: "Dir kritt Liwwerzäiten net agehalen an dir misst Demandë refuséieren, well der keng Zäit hutt, se ze maachen."
De Problem léisen? Dofir muss op ville Platzen eppes geschéien, sou de François Dostert: "D'Leit brauche Logement a Formatioun, wou d'Jonk e méi héije Wëssensstand hunn, wa se hir Geselleprüfung hunn."
Dëst ass just ee Beispill fir de Personalmanktem am ganze Secteur. Am meeschte gi Leit mat engem DAP gesicht. Dass et u Leit am Handwierk feelt, ass net nei. Dowéinst muss een d'Lëtzebuerger Handwierk nach méi attraktiv maachen, fir Frontalieren awer och fir Immigranten. Fir Jonker, wéi och fir eeler Salariéen.
D'Propose vun der Chambre des Métiers ginn iwwer Logement, Transport bis hin zu Integratiounsprogrammer. A well vill Ministère concernéiert sinn, wier en nationalen Handwierksbeoptraagten net vu Muttwëll.
Fir de Personalmanktem an de Grëff ze kréien, gëtt et net eng eenzel Léisung, sou den Direkter vun der Handwierkerkummer Tom Wirion: "Et ginn eng ganz Partie Schrauwen, un deenen ee kann dréinen. Zum Beispill bei den Immigranten , do mussen d'Prozedure vereinfacht ginn. De Frontaliere muss een et och méi interessant maachen an de Beräicher Logement a Mobilitéit. Et ass villschichteg, well verschidden Acteure si gefrot. Dowéinst wier en nationalen Handwierksbeoptrachten, e Coordinateur, net vu Muttwëll."
D'Lëtzebuerger Handwierk ass den éischten Employeur am Land, dat mat iwwer 88.000 Salariéen.