Nom Minister Franz FayotDem Premier Xavier Bettel seng Fraisen ënner d'Lupp geholl

RTL Lëtzebuerg
No den Ausgabe vum Franz Fayot huet Reporter.lu sech d’Depensë vum Premier Xavier Bettel ugekuckt.

De Premier huet als eenzege Regierungsmember eng Kreditkaart vum Staat, wéi se och schonn de Jean-Claude Juncker hat. Dem Xavier Bettel seng Fraise spigelen seng Virdeeler a seng Contrainte zréck, sou Reporter. Bei anere Ministere géif d’Transparenz sech awer a Grenzen halen.

Käschte fir Aarbechtsiesse mat Alkohol wären d’Ausnam, anescht wéi beim Kooperatiounsminister Fayot. De Premier gëtt awer och am Ausland méi invitéiert, muss also manner selwer bezuelen.

Beim Staatsminister ginn et awer aner Käschten. Op alle Reese gëtt hie vun op d’mannst zwee Poliziste begleet. Deels gëtt och op VIP-Servicer zréckgegraff, fir datt zum Beispill um Fluchhafen an engem separate Salon ka gewaart ginn. An der Reegel flitt de Premier mat kommerzielle Vollen.

Beim Choix vum Hotelszëmmer wär de Premier ganz buedemstänneg a géif déi selwecht Kategorie buche wéi aner Delegatiounsmemberen. Eng Ausnam hätt et a Japan ginn. Do hätt d’Ambassade a Japan d’Reservatioun gemaach.

Eng Extravaganz, déi de Premier sech awer géif leeschten, wär e perséinleche Fotograf, deen op 10 vun den 13 Reesen derbäi gewiescht wier.

Wann de Partner vum Xavier Bettel géif matreesen, géif drop opgepasst ginn, fir Privates net mat Berufflechem ze vermëschen.

Am Ruanda war e Feeler geschitt. Do war eng Massage vu 64 Dollar am Hotel iwwer déi staatlech Kreditkaart bezuelt ginn. Eng Woch drop ass dem Premier dat opgefall an hien hätt et zréck iwwerwisen. De Premier hätt op d’mannst e Gespier fir potentiell problematesch Ausgaben, hält Reporter fest. De Franz Fayot hätt missen op bestëmmte Fraisen higewise ginn.

De Staatsministère hätt allerdéngs net wéi gefrot d’Ofrechnunge vun de leschte fënnef Joer zur Verfügung gestallt. Dat wären ze vill Dokumenter, gouf argumentéiert. Reporter krut just an 13 Auslandsreese vum leschte Joer Abléck.

Den Ausseministère vum Jean Asselborn, de Finanzministère vum Yuriko Backes an de Wirtschaftsministère vum Franz Fayot wollte keng Dokumenter eraus ginn.

Back to Top
CIM LOGO