Fayot: "Hu mer näischt ze reprochéieren!"- Oppositioun kritesch, mä nuancéiert
Um Bord vun engem LSAP-Walkampfevent huet de Minister en Dënschdeg den Owend an engem RTL-Interview eng éischte Kéier perséinlech op d'Virwërf reagéiert.
Hien hätt sech näischt ze reprochéieren, heescht et vum Franz Fayot.
Reporter.lu hat um Méindeg ënnert dem Titel « Die Spesen des Franz Fayot » verschidde Beispiller vun Auslandsreesen vum LSAP-Minister genannt, bei deenen hien dem Ministère jeeweils fir Honnerten Euro Iessen a Wäin a Rechnung gestallt huet. Dat a Situatiounen, wou de déngschtleche Kontext de Recherchë vun der Online-Plattform no net kloer war. Sou zum Beispill bei senger Rees an de Costa Rica de leschte Januar, wou hien d’Delegatioun an en schicke Restaurant invitéiert hat - op Käschte vum Staat. Virun zwee Joer waren de Franz Fayot a seng Mataarbechter e puer Deeg éischter op New York gefuer, wéi hir offiziell Missioun ugefaangen huet. Den Hotel dofir hu si selwer bezuelt, mee de Minister hat trotzdeem fir déi nämmlecht Daten Iessen a Cocktaile vum Ministère bezuele gelooss, fir iwwer 600 Euro.
An den Ae vum Franz Fayot ass dobäi alles de Reegelen no ofgelaf, quitt datt et där an dësem Kontext net vill géif, an datt et eng gewëssen "Ermiessenssaach" wier, wou e Minister misst decidéieren, wéi eng Fraisen raisonnabel wieren a wéi eng net.
De Franz Fayot explizéiert och, datt seng Partnerin zwee Mol op esou Reese matgaange wier, ënnersträicht awer, datt Ëffentleches a Privates do getrennt gi wieren.
Dës Aussoen huet de Franz Fayot zu Déifferdeng gemaach, wou seng Partei de Startschoss fir de Walkampf ginn huet. Bei där Geleeënheet sot eis den LSAP President Dan Biancalana, et hätt een déi Reprochen eescht geholl, grad well et ëm Steiergelder geet an dofir wier eng Kommunikatioun wichteg gewiescht. Och wann et déi fir d'éischt emol iwwert de schrëftleche Wee gouf.
Dat präziséiert also d'LSAP Parteispëtzt, déi sech eigentlech drop gefreet hat en Dënschdeg den Owend den offizielle Startschoss fir de Walkampf vum 11. Juni ze ginn.
De Kooperatiounsminister Franz Fayot wollt sech en Dënschdeg am Laf vum Dag nach net direkt virum Mikro zu de Virwërf vu Reporter.lu äusseren. No RTL-Ufroen, op déi keng Reaktioun koum, hat hien um Bord vun engem Evenement an der Chambre de Commerce ofgewénkt: "Dat ass penibel dat do. Nee, Nee."
Schrëftlech Stellungnam
De Franz Fayot hat um Dënschdeg am Nomëtten fir d'éischt eng schrëftlech Stellungnam erausginn. Do dra geet hien op verschidde Beispiller a fir z’erklären, et hätt sech dobäi ëm Aarbechtsiesse gehandelt. Entweder mat Vertrieder vun auslänneschen Delegatiounen. Oder Aarbechtsiesse mat sengen eegene Mataarbechter, fir d’Missioun ze preparéieren oder ze debriefen. Dobäi géif de Minister seng Mataarbechter alt invitéieren. Fir all Doutten aus dem Wee ze raumen, géif hien d’Iessen vun der New-York-Rees awer zréckbezuelen. Hien huet sech och entschëllegt, well e Rechnungen fir Schockela a Séissegkeeten aus dem Flughafen-Shop vum Ministère bezuele gelooss hätt. Dat wier e Feeler gewiescht an d’Montante géife rembourséiert.
Regierung hëlt Prozeduren op de Leescht
D'Depensë vu Staatsbeamten a Minister/Innen op Déngschtreese sinn iwwer de Règlement grand-ducal vum 14. Juni 2015 gereegelt. Fir d’Beamte ginn all Joer Barèmë mat Maximalbeträg virgesinn, wéi vill si pro Dag fir « Kost und Logis » däerfen op Käschte vun der Allgemengheet ausginn.
Am Reglement ass och festgehalen, datt si fir Fluchreese vu méi wéi véier Stonnen däerfe Business-Class fléien.
Wat d’Minister/Innen ugeet, heescht et am Artikel 10 : "Les membres du Gouvernement ont droit au remboursement de leurs dépenses réelles pour frais de route et de séjour, sur production d’une déclaration motivée. Cette disposition s’applique également aux membres du Conseil d’Etat voyageant dans l’exercice de leur fonction.”
Op Nofro am Staatsministère, wat do drënner ze verstoe wier, heescht et, heibäi géif et sech ëm Ausgaben handelen, „déi am strikte Kader vun dem professionellen Deplacement an d’Ausland getätegt goufen, déi ob der Basis vun enger Deklaratioun no der Rees kënne rembourséiert ginn. D‘Reglement mécht keng Prezisioun iwwert d’Natur an d’Héicht vun dësen Depensen.“
Fir Ausgaben am déngschtleche Kader gëtt et also keng Limitt, mee fir privat Ausgaben, och op enger Déngschtrees, kënnt de Staat net op. Fir datt déi „eligibel“ Ausgabe rembourséiert ginn, mussen d’Minister/Innen eng Pièce justificative era ginn, also eng Rechnung.
Reporter.lu hat och drop higewisen, datt dem Franz Fayot seng Partnerin hien op verschiddene Reesen begleet hat. An der Stellungnam ënnersträicht de Franz Fayot, hir Reeskäschte wiere privat bezuelt ginn.
De Staatsministère präziséiert, datt et den Ablack keng spezifesch Reegele gëtt, wat d’Begleede vu Regierungsmemberen duerch hir Partner/Innen ugeet. Wa si allerdéngs sollen Deel vun der offizieller Delegatioun sinn an d’Fraise sollen vun der Allgemengheet gedroe sinn, muss et en offizielle Partner/Innen-Programm op der Rees ginn. Dat hat d’Regierung esou 2015 festgehalen, heescht et aus dem Staatsministère.
Aus dem Staatsministère heescht et: „D’Regierung wäert sech zäitno an engem vun de nächste Regierungsréit mat dëse Prozeduren befaassen.
Oppositioun kritesch, mee nuancéiert
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, deen als Diplomat vill mat Ministere gereest ass, fënnt :
Et ass wouer, datt de Minister eng Flexibilitéit muss hunn, dat ass ganz sécher an ech wéilt och net, datt mer opgrond vun dëser Affär higinn an eigentlech déi Flexibilitéit huelen, déi eis am Staatsapparat souwisou schonn dacks feelt. Dat ass dat Éischt. Dat Zweet ass, déi Saachen, déi Reporter.lu rapportéiert huet, weisen awer, datt dat do iwwer déi Flexibilitéit do eraus geet. Et sinn awer Verdachtsmomenter do, wou ee muss soen, datt ass awer net ze vertrieden an dat gëtt dann herno als Feeler duergestallt, wa Schockela elo kaf gëtt op Staatskäschten. Dat däerf net virkommen. Also et si scho Saachen an deem Reportage, do ass awer déi Warscheinlechkeet, datt e bewossten Abus geschitt ass, déi ass awer ganz grouss. »
Politesch gesinn, ënnersträicht de Fernand Kartheiser, wier et net déi éischt Affär vun der LSAP a verweist op der Francine Closener hir Vakanz mam Déngschtauto. Dat wier net gutt, well et wier d’Partei vun de klenge Leit.
Nodeems Reporter.lu dem Kooperatiounsminister Franz Fayot seng Depensen op Déngschtreesen ëffentlech gemaach huet, fënnt d’Nathalie Oberweis, Deputéiert vun déi Lénk, datt jiddereen – MinisterInnen, Deputéiert oder soss Vertrieder vun ëffentlechen Instanze sech misst a Fro stellen, wat d’Gewunnechten ugeet, fir ze reesen an ze consomméieren. Besonnesch an Zäite vu Krisen. Dobäi, seet d’Nathalie Oberweis :
"Also mir gesi ganz kloer, datt verschidde vun deenen Depensen absolut deplacéiert sinn, virun allem fir e Minister vun der Cooperatiounsentwécklung. Mee ech mengen, et geet awer iwwer de Franz Fayot als Persoun eraus. Mir wëllen, dat lo net un him als Persoun festmaachen. Dat ass natierlech eng Suppositioun, mee mir mengen, datt et net just bei him esou ass. Ech géif och mengen, datt et éischter eng Fro vu Kultur ass, wéi ee Politik ausüübt, wat een domat verbënnt, wéi een Autoritéite gesäit a wat dat mat sech bréngt, dat wat der lo uklénge gelooss hutt, wat bréngt dat mat sech vun Depensen, wat musse een ausginn, wann een invitéiert."
Den Deputéierte vun de Piraten, de Marc Goergen, seet sengersäits, legal hätt de Franz Fayot sech näischt virzewerfen. D’Regierungsparteien géife sech d’Reegele jo selwer maachen an d’LSAP wär am längsten an der Regierung. Hie gëtt ze bedenken, datt et ëmmer mol kéint virkommen, datt een e falschen Ticket ofgëtt, mee :
"Hei ass et awer esou, datt een e System erkennt, datt Wäiner gedronk gi sinn, déi iwwert engem normale Präis, wann dir oder ech an d’Pizzeria géinge goen, géing bezuelt ginn. Deementspriechend ass hei scho profitéiert ginn, wéi ee Status, datt een huet a wéi eng Reegelen ee sech selwer ka maachen. An ech fannen dat net gerecht a moralesch net OK. Wann e Minister invitéiert, da soll e mat de Féiss um Buedem bleiwen an normale Wäin kafen. An dat Nämmlecht ass mat deene Privatjet-Geschichten. Firwat flitt een op Lugano mat engem Privatjet, wann et vum Findel aus 5 ; 6 Vollen den Dag op Mailand ginn."