Nom Centre Médical um PotaschbiergDemande fir en IRM zu Wolz läit um Dësch

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem IRM, deen et am Centre Médical um Potaschbierg zu Maacher gëtt, dierft et och geschwënn esou en Apparat zu Wolz ginn.
© afp

Wéi d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Sozialminister Claude Haagen confirméieren, läit zanter Enn vum leschte Mount eng Demande fir eng Autorisatioun an Installatioun vun engem IRM am Wolzer Spidol um Dësch. Gestionnaire vun der Klinik St Joseph ass jo d’Ettelbrécker Spidol.

E Feu vert, fir den IRM z’installéieren, gëtt et nach net. Den Ament ass och nach net gewosst, ob den Apparat an d’Spidol selwer kënnt oder an de Centre Médical “Schlasskéier”, deen nach an der Maach ass. Weider Detailer zu dësem medezineschen Zenter hunn d’Ministere Lenert an Haagen aktuell nach keng.

Wann den IRM an deen Zenter kéim misst, genee wéi um Potaschbierg mam CHL, en Accord mam CHdN signéiert ginn, well et sech ëm Spidolsaktivitéite baussent der Klinik handelt.

Dës Prezisioune liwweren d’LSAP-Ministere Lenert an Haagen op entspriechend parlamentaresch Froe vun der Deputéierter Martine Hansen vun der CSV an den Deputéierte Carole Hartmann an André Bauler vun der DP.

Back to Top
CIM LOGO