Bei de Parlamentswalen den 21. Juni hat dem President Aleksander Vucic seng rietsnational serbesch Fortschrëttspartei nees déi absolut Majoritéit kritt. Déi gréissten Oppositiounsparteien haten d'Walen awer boykottéiert, well si dem Vucic en autokratesche Féierungsstil reprochéieren. D'Demonstranten op der Place Clairefontaine, déi Pandemie-bedéngt alleguer mat Otemschutzmask protestéiert hunn, wollte vun hei aus hir Solidaritéit weisen, sou d'Organisatrice Snezana Balesevic.
"Mir sinn haut do wéinst de gefälschte Walen a Serbien. Mir hätte gären, datt déi annuléiert ginn an datt nei Walen organiséiert ginn, ënnert der Opsiicht vun der internationaler Communautéit. Mir hätten och gär, datt all déi Leit, déi nach am Prisong sëtzen, fräigelooss ginn, all déi Studenten, déi kee Recht fir hir eege Meenung hunn. Fräi Medien hätte mer gär. Alles wat national Frequenz huet, déi sinn all manipuléiert, et kann ee wierklech näischt fräi soen, dofir keng aner Meenung hunn. An deem Sënn si mer haut do."