CGDISDen 112 mellt 3 Accidenter vum Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
Et gouf Accidenter zu Suessem, tëscht Miersch an dem Rouscht an op der A13 Richtung Schengen. 2 Persoune goufen heibäi blesséiert.

Géint 17.30 Auer huet et zu Suessem op der Héicht vun der Gadderscheier gerabbelt. 2 Autoe waren am Coup. Et gouf kee blesséiert.

Tëscht Miersch an dem Rouscht si kuerz drop och 2 Automobilisten net laanschtenee komm, dobäi gouf eng Persoun blesséiert.

Géint 1.30 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg ass een Auto op der A13 a Richtung Schengen, tëscht dem Tunnel Ässen an dem Tunnel Éilereng op d'Kopp gaangen. 1 Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO