ZeienopruffDen 30. Mee gouf et zu Féiz en Accident mat engem Cyclist
An der rue du Brill gouf do samschdes géint 15.10 Auer e Cyclist ugestouss, respektiv en ass gefall. Elo sicht d'Police nom Chauffer vun engem groen SUV.
Verëffentlecht: 06.06.20 11:15, Update: 10.12.25 11:36
Och aner Automobilisten, déi stoe bliwwe waren, fir dem Cyclist ze hëllefen, solle sech w.e.g. bei der Police vun Esch mellen. Entweder via Telefon um (+352)244-501000 oder via E-Mail: esch-ci-esch@police.etat.lu.