Salariatskammer a Mouvement écologiqueDatt Hybridautoen als Déngschtween gefërdert solle ginn, ass e Réckschrëtt

Pit Everling
Bei de geplangte Changementer vun der Besteierung bei Déngschtween muss nogebessert ginn, ass d'Fuerderung.
D'Fërdere vun Hybridautoe wier e Schratt no hannen, sou d'Chambre des salariés an de Mouveco.
© Christian Schmit

An enger gemeinsamer Stellungnam vu Salariatskammer a Mouvement écologique gëtt virun allem mam Fanger op den Hybrid gewisen.

CSL Mouveco Hybrid-Fërderung - Reportage Pit Everling

Beim aktuelle System, fir de sougenannten "avantage en nature" ze berechnen, gëtt de rengen Elektroauto steierlech däitlech méi avantagéis behandelt, wéi Hybriden a Plug-In-Hybriden. Ma vum nächste Joer u sollen déi zwou genannte Kategorien d'selwecht behandelt ginn.

D'Presidentin vum Mouveco Blanche Weber huet kee Versteesdemech fir déi geplangten Ofännerunge vun deem groussherzogleche Reglement.

"Also jorelaang sinn déi Plug-in-Hybriden elo net ënnerstëtzt ginn oder manner gutt ewechkomm. Dass ee lo no e puer Joer erëm ufänkt, déi besser ze stellen, wéi nach viru fënnef oder sechs Joer. Dat ergëtt absolut kee Sënn."

D'Chambre des Salariés an de Mouvement écologique schwätzen op engem gemeinsame Presse-Briefing vun engem falsche Signal. De reelle Verbrauch vun Hybrid-Autoe wier nämlech méi héich ewéi deen um Pabeier, sou de Marc Krier vum Mouvement Ecologique.

"Do si Studien, déi eeben onofhängeg sinn, déi gemaach gi sinn an déi mëttlerweil awer och vun der EU unerkannt sinn, dass deen Ausstouss 3,5 bis 6 Mol méi héich ass, wéi dat, wat an den offizielle Wäerter uginn ass. An dat ass eeben, well dat offiziellt Prüfverfahren iwwerschätzt, wéi vill Zäit de Conducteur reell am elektresche Modus fiert."

Derbäi kéim, datt d'Elektromobilitéit däitlech evoluéiert hätt an d'Lued-Infrastruktur besser gi wier.
Beim Klimabonus Mobilitéit géif et keng Primme méi fir Hybride ginn, mä bei de Firmeween géing et elo an déi ëmgedréinte Richtung. Dat wier net kohärent.

"Do ass et elo absolutt onverständlech, firwat dann hei eng Ausnam gemaach gëtt. Firwat een net seet, déi ganz Politik, déi ganz Fërdermoossname ginn an déi selwecht Richtung. Mir hunn e PNEC-Zil, wou mer wäit hannendra sinn, dat ze erreechen. Dat heescht, mir zéie lo an déi selwecht Richtung. An dat ass dat, wéi och virdru gesot ginn ass, déi ënnerschiddlech a widderspréchlech Aussoen an Ureizer, déi eebe maachen, dass et net novollzéibar ass fir den Eenzelen an dass dat och ka kontestéiert ginn an déi dann eeben och schwéier ze erkläre si fir ee Staat."

Prinzipiell ass ee kee Frënd vun enger avantagéiser Besteierung vun Déngschtween, och aus enger sozialer Perspektiv eraus. Vun engem Déngschtwon géinge just 8 Prozent vun de Leit, déi schaffen, profitéieren, seet de Mouveco an zitéiert aus enger Statec-Etüd vun 2018.

D'Ëmverdeelung vun ëffentleche Gelder sollt deene Leit ze gutt kommen, déi et sech net leeschte kënnen, fir op Elektro eriwwer ze klammen. Déi aktuell Pläng vun der Regierung ginn also decidéiert refuséiert, sou nach d'Salariatskammer an de Mouvement écologique. Et gëtt gehofft, datt dat lescht Wuert an deem Dossier nach net geschwat ass.

Back to Top
CIM LOGO