Onzefriddenheet am Secteur vu private KrankentransporterZanter aacht Joer hätt d'CNS d'Tariffer net adaptéiert

Marlène Clement
D'Vertrieder vun de private Krankentransporter soe sech op en Neits onzefridde mat den Tariffer a Remboursementer vun de Prestatiounen.
Zanter aacht Joer hätt d'CNS d'Tariffer net adaptéiert
D'Vertrieder vun de private Krankentransporter soe sech op en Neits onzefridde mat den Tariffer a Remboursementer vun de Prestatiounen.

Fir déi concernéiert Patiente wier dacks net kloer, wat zréckbezuelt gëtt a wat net, kritiséiert d'Fédération Nationale des Transporteurs de Malades. Zanter Jore wier näischt geschitt, bedaueren d'Acteuren aus dem Secteur.

E Rendez-vous am Rehazenter, eng Stralentherapie oder eng Dialys: et gi Situatiounen, bei deenen eng Persoun op Hëllef ugewisen ass, fir sech ze deplacéieren. An deem Fall gëtt dacks op ee Krankentransport zeréckgegraff. Ma net an all Situatioun gëtt dee Krankentransport och vun der CNS rembourséiert, oder just an Deeler. Duerno erwaart een dann eng béis Iwwerraschung, erkläert d'Porte-parole vun der Federatioun vun de Krankentransporter Annick Waaijenberg:

"Déi Tariffer, déi d'Krankekeess aktuell huet, déi si säit aacht Joer net adaptéiert, net indexéiert, an d'Leit dobaussen, déi wëssen dat net. Dat ass einfach de Problem, datt si eis kontaktéieren an da bei mir eng Rechnung schécken: 'Jo wéi, da gi mir net méi rembourséiert an hei an do'. Mir wëllen am Fong geholl drop opmierksam maachen, wou d'Problemer si mat der Krankekeess."

Waardezäiten, Käschten, wann d'Gefier nom Trajet muss desinfizéiert ginn, d'Course à vide, fir de Patient heem sichen ze fueren... Et wiere Faktoren, déi d'Krankekeess net géing consideréieren, kritiséiert d'Porte-parole vun der Federatioun an Direktesch vu Luxambulance. D'Tariffer missten un déi reell Konditiounen ugepasst ginn. Dat ass awer net déi eenzeg Fuerderung.

"Dans notre secteur, le plus important à changer assez rapidement, c'est de pouvoir structurer et créeer un métier, afin de pouvoir avoir une garantie de qualité vis à vis du patient", sou de Joao de Cavalho, Responsabel fir Taxien an Ambulanze bei Pascoal a Gerant vun Eurolux.

De Beruff "Ambulancier" gëtt et nämlech net, bedaueren d'Leit um Terrain. Si sinn als Chaufferen agestallt fir déi privat Krankentransporter. D'Beruffsbild misst kreéiert ginn, fuerdert den Tun Georg, dee bei Luxambulance schafft.

"Well d'Beruffsbild feelt, a wann d'Beruffsbild bis do ass, kéint een och emol vläicht kucken, mat wéi enge Partner, mat wéi engem Centre de Formation een hei zu Lëtzebuerg kéint dee Beruff um Pabeier ausüben an dann eeben och developpéieren, datt een eng adequat richteg Formatioun dofir mécht."

D'Fuerderunge sinn net nei. Eng Entrevue mat der CNS hätt et fir d'lescht virun dräi Joer ginn. Mam Gesondheetsministère hätt et zweemol en Echange ginn, geschitt wier awer näischt.

Back to Top
CIM LOGO