Dat éischt, wat do opfält, ass, datt de Chômage vu 5,4 Prozent am Joer 2019 am zweeten Trimester vun dësem Joer op 6,5 geklommen ass. U sech goufe manner Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg kreéiert, ausser beim Staat, wouvun d'Residentë profitéiert hunn.
Am Rapport kuckt de Statec dann och op d'Frontline Workers, also Leit, déi och an der Corona-Kris essentiell waren an an der éischter Linn stoungen. Dat sinn an Grand-Duché eng 150.000 Salariéen, déi am Gesondheetsberäich, dem Botzsecteur oder der Distributioun schaffen. Si verdéngen an der Moyenne 23,9 Euro d'Stonn, wat 90 Prozent vun der Moyenne vun deem ass, wat Leit, déi net an der Frontline stoungen, verdéngt hunn.

Vum Homeoffice hunn dann 52 Prozent vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, wärend der Kris profitéiert, de Gros vun hinne souguer an der Moyenne 32 Stonnen an der Woch. Hei sinn et haaptsächlech héich qualifizéiert Leit, Universitären, déi fir grouss Entreprisen an de Secteuren "Informatioun a Kommunikatioun", beim Staat, oder am Banken- oder Assurancesecteur schaffen, déi hei am Meeschte profitéiert hunn. Am sozialen oder Gesondheetsberäich war déi Zuel däitlech méi niddereg.

Den Aarmutsrisiko louch am Grand-Duché d'lescht Joer bei 17,5% Prozent. Ouni déi sozial Hëllefe vum Staat léich dësen Taux bei 26,5%. Den Taux vum Aarmutsrisiko wier déi lescht Jore stabil bliwwen. D'Tendenz géif awer no uewe weisen esou de Constat vum Statec en Donneschdeg de Mueren. De Seuil de Pauvreté louch 2019 bei 1.804 Euro. D'Ongerechtegkeete géif den Ament virun allem bei deene Leit opfalen, déi am meeschten dem Virus exposéiert sinn.
De Jérôme Hury vum Statec: „Et ass och do, wou mer déi “krassten“ oder schlëmmsten Hausse gesinn. Dat heescht, d'Schéier tëscht de 5% Räichsten an de 5% Äermste geet weider a signifikativ auserneen. Déi räich 5% hunn 20 bis 21 mol méi Akommes ewéi déi 5% Äermsten.“An déi Inegalitéite kéinte séier klammen. Leider feelt et u konkreten Zuelen zu Lëtzebuerg, mee rezent Etüden aus dem Ausland géife weisen, datt déi, déi am meeschten ënnert enger Pandemie leiden, déi sinn déi schonn am sozial an ekonomesch schlechtsten ewechkommen, de Serge Allegrezza, Directeur vum Statec.
„Mir hunn och festgestallt, an dat dréit och dozou bei, datt de Chômage eropgaangen ass, den Emploi ass am 2. Trimester zeréckgaangen, bal fir all Kategorie, ausser Residente vu Lëtzebuerg Nationalitéit. Mir ginn doduerch och dovun aus, datt de Pouvoir d'Achat an der Moyenne em bal 6% wäert dëst Joer zeréckgoen.“