Den Thermometer huet dann an der Moyenne 8 Grad Celsius ugewisen, dat sinn 1,6 Grad manner ewéi een et am Schnëtt am Abrëll gewinnt ass. Dee bis ewell keelsten Abrëll gouf et iwwerdeems mat bis ewell 5,1 Grad Celsius an der Moyenne am Joer 1986.
Déi nidderegsten Temperatur ass dëst Joer de 4. Abrëll 2023 mat -3,3 Grad um Findel gemooss ginn, 4 Deeg mat Frascht sinn et ginn. De Maximum ass den 28. Erreecht ginn, do waren et 19,2 Grad, Dat ass allerdéngs nach wäit ewech vun der Rekord-Temperatur an engem Abrëll. Déi gouf et mat 27,9 Grad am Abrëll 2018.
Gereent huet et méi wéi gewinnt. Op de ganze Mount gekuckt, sinn an der Moyenne 60 Millimeter pro Dag gefall. Wäit ewech vun deem verreentsten Abrëll zanter den Opzeechnungen, 1898 sinn 175,5 Milliliter als Moyenne gemooss ginn. Ganzer 12 Deeg ass op mannst 1 Millimeter Reen gefall, dat sinn der 3 méi wéi gewinnt.
D’Sonn hu mir manner gesinn, wéi dat Usus ass. 196 Stonne schéint se gewéinlech vum Himmel am Abrëll, ma dëst Joer si just 181,1 Stonnen op der Statioun Pescator gezielt ginn.
Den Abrëll 2023 läit also zimmlech an der Norm. Wat erausstécht, ass, dass en un sech ze kal war. Woubäi jo an der lescht de Géigendeel éischter üblech ass. An wann ee weess, dass an Europa am Abrëll mat 38,8 Grad a Spunien ee Rekord opgestallt ginn ass, ass dat dach en grousse Kontrast ze den Temperature bei eis.