Invité vun der Redaktioun (25. Oktober) - Raoul SchaafDen Abrigado ass quasi u senge Limitten ukomm

Claude Zeimetz
Eng Dezentraliséierung vun den Drogenhëllef-Strukture misst op 3 oder 4 verschiddene Plazen am Land geschéien. An der Stad wier een un de Limitten ukomm.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Raoul Schaaf
Den Ament léisst den Abrigado zu Bouneweg e Problem, deen ee vum ganze Land ass. Dofir ass et wichteg d’Drogenhëllef-Strukturen ze dezentraliséieren.

Den Ament léisst den Abrigado zu Bouneweg e Problem, deen ee vum ganze Land ass. Dofir ass et wichteg d’Drogenhëllef-Strukturen ze dezentraliséieren. Dat sot um Donneschdeg de Moien, den Direkter vum Comité national de défense sociale.

De Raoul Schaaf war eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Abrigado selwer wier momentan quasi u senge Limitten ukomm.

Duerch eng nei Conventioun mat der Stad Lëtzebuerg an der Santé, wäerten d’Ouvertureszäiten zu Bouneweg nei opgedeelt ginn, fir der Demande besser nozekommen.

Eng 200 bis 220 Clienten kommen all Dag an den Abrigado, an et géif ee gesinn, dass sech d’Konsumverhale vun Drogéierten ëmmer méi ännert, a virun allem beim Kokain weider an d’Luucht geet.

Wat déi geplangte Fixerstuff zu Esch ugeet, géif et virsiichteg Schätzunge ginn, dass dës am Fréijoer 2019 kéint opgoen. Et wier just nach eng Fro vun de Lokalitéiten, d’Personal wier dem Raoul Schaaf no op alle Fall prett.

En definitive Projet, fir d'Containere vum Abrigado kënnen ofzeschafen, an eng nei fest Struktur ze kréien, géif et den Ament an der Stad nach net ginn.

Et wier wouer, dass d’Situatioun ronderëm d’Fixerstuff heiansdo ganz ugespaant wier. Dat wier bannenan, bei de Servicer vum Abrigado awer net de Fall.

Generell misst ee sech dem Raoul Schaaf no awer Gedanke maachen, wéi ee mam gesellschaftleche Phänomen vun der Ofhängegkeet ëmgeet. Et misst ee sech déi gëeegent Strukture ginn, a wann et déi net gëtt, misst ee se schafen.

Wichteg wier et och, fir d’Leit vun der Strooss erof, a Wunnengen ze kréien, wou d’Politik deemno gefuerdert wier.

Dernieft misst een en Iwwergang hikréien, a Punkto Revis, wou jo och eng Aarbechts-Aktivatioun mat drun hänkt, an eng sëllechen Detail-Froen nach mat drun hänken.

Eng Dezentraliséierung vun den Drogenhëllef-Strukture misst op 3 oder 4 verschiddene Plazen am Land geschéien. An der Stad wier een un de Limitten ukomm.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO