Um Donneschdeg war d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez zesumme mam Beoptraagte fir Drogen-a Suchtfroen vun der däitscher Bundesregierung op Visitt an de mëttlerweil relativ ale Containeren. An et ass endlech eng Besserung an Aussicht.
Bekannt ass den Abrigado am Volleksmond als Fixerstuff. Dobäi ass et wäit méi wéi just eng Plaz, wou d‘Drogenofhängeger sech a séchere Konditiounen e Schoss setze kënnen. Dat eleng gëtt dem Abrigado nämlech net gerecht. D‘Gesondheetsministesch Martine Deprez:
“Mir hunn hei eng Struktur, déi akut Problemer ugeet. Dat heescht, Leit do ewechhëlt, wou se sinn a mat Leit kuckt, wéi se stabiliséiert kënne ginn. A wann d‘Leit da stabiliséiert sinn, dann huelen aner Associatiounen de Relais fir se weiderzeféieren, fir dass se erëm an een integréiert Liewe kommen. Mat Wunneng an ouni Drogekonsum – wa méiglech.“
Am Abrigado gëtt et nieft dem Drogekonsumraum, och e Service fir seng Sprëtzen auszetauschen, e medezineschen Déngscht, eng Urgence-Schlofplaz an e Fraeprojet. Och an Däitschland ginn et esou Ariichtungen. Allerdéngs net iwwerall sou gutt opgestallt wéi zu Lëtzebuerg, betount den Burkhard Blienert, Beoptraagte fir Drogen-a Suchtfroen vun der däitscher Bundesregierung.
“Es ist nicht flächendeckend überall in allen Bundesländern der Fall in Deutschland. Und wir haben auch nicht immer eine Kombination tatsächlich von Substitution und Drogenkonsumraum und all den Möglichkeiten. Das hängt immer von den örtliche Bedingungen ab. Aus meiner Sicht ist es der richtige und sinnvolle Weg im Rahmen von Schadensminimierung und gesundheitlicher Vorsorge. Auch Prevention und natürlich eben auch in der Versorgung von den Konsumierenden, wenn nämlich allgemeinmedizinische Fragen auch auftreten, dass man diese Angebote auch vorhält.“
D‘Containere vum Abrigado sinn allerdéngs scho richteg al a mussen ersat ginn. Dat geschitt elo ganz zäitno, versprécht d‘Ministesch.
„Mir haten de Moien eng Entrevue mat der Stad Lëtzebuerg. An et ass ugeduecht, dass déi hei Containeren à terme géingen ersat ginn duerch nei Containeren, déi e bëssi méi déif gesat ginn an da gëtt hei een Neibau gesat.“
Ëmmer méi Drogenofhängeger kommen och an den Alter a grad si brauchen extra vill Fleeg.
"„De Moment gi mer mat de Strukturen eens, wéi se sou sinn. Mee et ass ugeduecht, spezifesch Strukture fir eeler Konsumenten opzemaachen. Et ass awer nach keen Zäitraum do.“
Enn Juli geet am Neiduerf eng nei Struktur op fir Fraen. Ugangs ass dës Plaz elo mol just daagsiwwer op a bitt och Dagesschlofplaze fir déi concernéiert Fraen. Och dës Plaz ka sech awer nach weiderentwéckelen, sou war et en Donneschdeg gewuer ze ginn.