Appellsprozess géint de Maître VogelDen Affekot hätt genau gewosst, wat e mécht

Diana Hoffmann
Eng Geldstrof vun op d’mannst 2.500 Euro fuerdert de Parquet général am Appellsprozess géint de Maître Gaston Vogel.

Him war zejoert de Prozess wéinst Opruff zum Haass an Diskriminatioun gemaach ginn. Dat wéinst engem oppene Bréif, deen am August 2015 publizéiert gi war. Zejoert war hie fräigesprach ginn, de Parquet hat eng ubruechte Geldstrof gefuerdert.

Appellsprozess Maître Vogel/Reportage Diana Hoffmann

Géint de Fräisproch an éischter Instanz war de Parquet an Appell gaangen. De Raisonnement vun der Vertriederin vum Parquet général war, dass de Gaston Vogel als Jurist an Affekot genau géing wëssen, wat e geschriwwen huet, wou hien Heescherten als “racaille” oder “dégueulasses” bezeechent huet. De But vum Bréif wier och net gewiescht, fir dass d’Situatioun sech verbessert, wéi den Ugeklote selwer behaapt. Wann dat d’Absicht gewiescht wier, hätt e säi Bréif missen un d’Police oder de responsabele Procureur général d’Etat riichten.

Souwuel de Requisitoire vum Parquet, wéi och d’Plaidoirie vun der Defense hunn dorëm gedréint, ob den Affekot, wéi hie seet, déi organiséiert Heescherei viséiert huet oder ob e sech op d’Heescherten aus Rumänien bezunn huet. De Gaston Vogel huet op alle Fall lautstaark matgedeelt, dass säi Bréif déi Leit viséiert hätt, déi all Moie viru senger Etüd geleeën hätten an ouni Respekt alles knaschteg gemaach. Si wieren “racailles” an “dégueulasses”.

Nieft dem Gaston Vogel waren an éischter Instanz och CLT-UFA, also d’Mammenhaus vun RTL, an e fréiere Journalist vum Journal fräigesprach ginn. Si haten de Lieserbréif, vun deem rieds geet verëffentlecht. An 2. Instanz huet de Parquet général a béide Fäll d’Suspensioun vum Urteel gefrot. Heescht, dass zwar en Urteel geholl gëtt, mee keng Strof festgeluecht. Bei 7 Joer, déi zanter dem Bréif vergaange sinn, kéint een an enger Affär, déi net komplex wier, och net méi vun engem Delai raisonnable schwätzen, sou d’Vertriederin vum Parquet général.

De Prozess geet e Freiden de Moie weider mat der Defense vun CLT-UFA.

Back to Top
CIM LOGO