
Dat huet eis de Politiker de Freideg de Mëtteg confirméiert. Domadder ass d'Constellatioun am Walfer Gemengerot elo eng vum Equiliber tëscht den zwou gréisste Parteien. D'DP huet mat hirem neie Conseiller elo 5 Sëtz genee wéi d'CSV. Déi Gréng hunn 2 Sëtz an d'LSAP just nach 1. De Schäfferot zu Walfer ass schwaarz-gréng mat un der Spëtzt dem CSV-Buergermeeschter François Sauber.
Der DP hir Iddie wäre méi zukunftsorientéiert a géinge méi no bei der Gesellschaft leien, sou den Alain Weins.
D'LSAP dogéint wär elo eng aner Partei wéi nach virun 20 Joer a géing sech politesch méi no lénks orientéieren. Dat misst ee respektéieren, mä domadder kéint hie sech net méi identifizéieren, sou de Gemengeconseiller. D'DP géing engersäits eng seriö Wirtschaftspolitik maachen, ma hätt och absolut een ökologeschen a sozialen Aspekt dran, wou hie sech kéint dran erëmfannen.
Den Alain Weins war vun 2003 bis 2017 Schäffen an der Gemeng Walfer an ass zanter 2000 Conseiller. An engem Communiqué hat hien en Donneschdeg matgedeelt, dass et fir hien aus politesche Grënn konsequent wier, en anere Wee ze goe wéi d'LSAP.
RTL-News: Gemeng Walfer - Den Alain Weins zitt sech aus der LSAP zeréck