
Wann déi Variatiounen ausgerechent ginn, da gëtt et eng Augmentatioun vu just nach 0,3%. Do sinn d'Pëtrolsproduiten awer net mat acalculéiert. Bei deenen ass et am August liicht erofgaangen. Haaptursaach ass den Heizungsmasutt, deen 1,5 % an der Baisse ass. Op der Pompel hunn de Liter Bensin an Diesel minimal manner kascht ewéi am Juli.
Donieft gouf et am Juli eng Baissë wéinst de Solden. Dat gouf am August awer nees neutraliséiert. Et iwwerrascht also net, datt et an der Kategorie Gezei a Schong ëm bal 16% eropgaangen ass. Par Rapport zum August zejoert ass et beim Gezei e Plus vun 1,1%, d'Schong si stabel bliwwen.
Am Verglach zum August 2018 ass dat schwaarzt Gold ëm 2,6% erofgaangen.
Och bei de Vakanze kann en Ënnerscheed constatéiert ginn. Pauschalreesen hunn am August 3% méi kascht ewéi am Juli.
An der Aviatioun ass et souguer eng Hausse vu ganzer 14%.
Beim Iesse ginn d'Haussë bei Mëllechproduiten, Brout a Käre kompenséiert vu Baissë beim Uebst a Geméis. Am Joresverglach gëtt et do e Plus vun 1,6%.
Den annuellen Inflatiounstaux etabléiert sech bei 1,6%, de Mount virdru louch en nach bei 1,8%.
De Previsioune vum Statec no léisst déi nächst Indextranche net méi laang op sech waarden: Am 4. Trimester vun 2019 ass dat de Fall.

Weider Informatiounen op statistiques.public.lu