
Déi bilateral Cooperatioune mam Burkina Faso, mam Niger a mam Mali ginn net verlängert. Dat huet de Xavier Bettel jo en Dënschden am Laos annoncéiert. Déi net staatlech Hëllefsorganisatioune sinn net dovunner betraff. Iwwerrascht hunn sech SOS Faim an d’Fondation Follereau awer op Nofro net vun der Decisioun vum Ministère gewisen.
Och wann d’ONGen explizitt net mat der Regierung an dëse jeeweilege Länner zesummeschaffen, wier hir Aarbecht um Terrain immens schwéier ginn. D’Situatioun ass onstabil a plazeweis immens geféierlech. Déi Leit, déi a Géigende bleiwen, déi besonnesch vun Terrorgruppe kontrolléiert ginn, sinn dacks déi vulnerabelst, erkläert den Thierry Defense, Direkter vun SOS Faim. Well dës Leit d’Méiglechkeet einfach net hunn, fir fortzegoen. “Mir kréien ëmmer erëm mat, dass Béischte geklaut ginn oder Keese mat Suen dran.” SOS Faim géing vill Projeten am Beräich vum Microfinanzement maachen. Et géing versicht ginn, Erspuernesser ze securiséieren, mee trotzdeem wieren esou Keesen dacks d’Zil vun Attacken.
Dobäi kéim, dass sech d’Mataarbechter op der Plaz och géingen a Gefor bréngen. Dat wëll SOS Faim natierlech evitéieren.
Eng delikat Balance, esou och d’Conny Reichling, Direktiounsmember vun der Fondation Follereau. Der Zivilpopulatioun hëllefen, ouni d’Leit an d’Mataarbechter a Gefor ze bréngen, dat wier aktuell déi gréissten Erausfuerderung.
“Do musse mer kënnen eis opstellen, dass mer de Partner kënnen hëllefen oder souwäit kënnen hëllefen, wéi mer dat ebe vun hei aus kënnen maachen. An d’Beneficiairen och net a Gefor bréngen, andeems mer se net iergendwou hin invitéieren, wou se eben alleguerte beienee sinn a musse vill a laang Trajete maache fir eis. Stratégie avancée nenne mer dat, dat ass wann ee bei d’Leit an d’Dierfer geet. Dat ass dat wat mer am Moment privilegéieren, also mir gi bei si.” Esou bréichte sech d’Leit net ze vill ze deplacéieren. D’ONG passt hir Aarbecht deemno un déi schwéier Lag am jeeweilege Land un.
Aacht Länner ënnerstëtzt d’Fondation Follerau, mam Co-Finanzement vum Ministère. Dorënner och de Mali an de Burkina Faso, déi ronn 10 Prozent ausmaachen. Et wier schonn antizipéiert ginn an d’Projeten erofgeschrauft. “Well mer keng Garantië méi konnte ginn, fir wierklech alles kënnen ze maachen, wéi zum Beispill Gesondheetsinfrastrukture bauen. Dat ass eppes, wat mer elo zum Beispill guer net méi maachen, well dat ganz vill Opmierksamkeet mécht ab deem Moment, wou een dann eben déi Infrastruktur baut. A mer kënnen net garantéieren, dass et herno wierklech fir déi Zwecker benotzt gëtt, wou et dann iwwerhaapt opgebaut ginn ass.”
Soulaang et geet, wëlle béid Organisatioune weider aktiv sinn an hir lokal Partner op der Plaz ënnerstëtzen. Vun haut op muer fortgoen, hätt virun allem fir d’Kanner, fir déi d’Organisatiounen och do sinn, en negativen Impakt.
SOS Faim huet rezent déi nei Projeten ënnerschriwwen. Déi global Enveloppe ass vun 3,4 Milliounen Euro pro Joer, esou den Direkter Thierry Defense. Dat gëllt awer fir sechs Länner. 80 Prozent dovunner gëtt vum Ministère kofinanzéiert. Fir de Mali, den Niger an de Burkina Faso wier dat ëm d’Hallschent vun der ganzer Enveloppe, also iwwert eng Millioun, déi vum Staat bäigesteiert gëtt.
Vun der Fondation Follereau heescht et, dass d’Konventioun mam Ministère bis 2025 gëllt. Wéi et weidergeet, misst ee kucken, wann et esou wäit ass. D’Situatioun kéint sech séier änneren. Ma allgemeng wëllen d’ONGen d’Zivilpopulatioune weider ënnerstëtzen.