Op offizieller AarbechtsvisittDen Ausseminister Jean Asselborn ass bis en Donneschdeg an Algerien

RTL Lëtzebuerg
De Jean Asselborn gesäit do säin Homolog Ramtane Lamamra a gëtt och an Audienz vum Staatspresident Tebboune empfaangen.
Den algereschen Ausseminister Ramtane Lamamra
Den algereschen Ausseminister Ramtane Lamamra

D’Gespréicher wäerten an der Haaptsaach ëm déi wirtschaftlech, wéi humanitär Konsequenze vum Ukrainkrich dréinen, déi jo a villen afrikanesche Länner zu ferme Versuergungsenkpäss bei de Liewensmëttel gefouert huet.

Lëtzebuerg an Algerien ënnerschreiwen am Kader vun der Visitt och e bilateralen Accord am Beräich vun der Loftfaart.

Back to Top
CIM LOGO