Ma dat wat de meeschte Besëtzer Suerge mécht, ass de Klimawandel. Duerfir koum och elo den Appell vum Veräin “Lëtzebuerger Privatbësch”, fir dass Hëllef gebraucht gëtt. De Winfried von Loë gëtt ganz konkret a sengen Aussoen:
“Der Klimawandel ist seit mehreren Jahren ganz offensichtlich. Und aufrgund des Klimawandels haben wir grosse Schadflächen. Deswegen haben wir eine Studie erstellt, um zu chiffrieren, was das kosten würde, wenn all diese Flächen, die durch den Klimawandel verloren gehen, wieder in Wald umgewandelt werden müssen.”
750 Milliounen Euro, souvill soll et kaschten, dass eis Bëscher an den nächsten 10 Joer erhale bleiwen. Wouvunner een Drëttel fir d’Usetze vun neie Beem a Planze gebraucht géife ginn an zwee Drëttel, also 500 Milliounen, fir de Schutz vum Wëld. 61,7% vun de Beem hei am Land wieren nämlech scho krank, dofir bréicht een dréngend nei an och ënnerschiddlech Zorten.
D’Marie Kayser huet zanter 2019 zesumme mat hirem Mann en 10 Hektar grousse Bësch. Si ass selwer Zoologin an immens am Naturschutz engagéiert a fir si ass et wichteg, dass hire Bësch gesond bleift. Ma et wier een Challenge, wou een och frou wier, dass ee bei der Associatioun vum Lëtzebuerger Privatbësch gehollef kritt. Well et wier vill Aarbecht, et misst ee sech ëm villes këmmeren an och de finanziellen Opwand wier net ze ënnerschätzen.
“An deem Sënn ass de Käschtepunkt engem scho bewosst an deem Ament, wou een e keeft. Bei de Planzunge probéiere mir eigentlech ganz vill an d’Naturverjüngung zréckzegräifen, fir dass mir net ze vill an d’Planzung investéieren. Ma wat mir awer och ëmmer mol gemaach hunn, ass, dass wa gehae gëtt, da kënnt ëmmer mol bëssi Geld eran, mä dat investéiere mir nees an de Bësch an dat ass kee Benefice fir eis. Dat dauert Joerzéngten, wou een eppes kann dovunner eraushuelen. Mä et ass awer dat, wat de Bësch brauch. Et kann een net just erwaarden, dass ee vum Bësch Geld mécht, mä et muss een och ëmmer nees eppes drastiechen.”