Trotz 10 % Plus bei de Recetten“Loft no Ënnen”, fir d’Hausse vun den Depensë beim Staat ze bremsen

François Aulner
D’Recette vum Staat hunn an den éischten néng Méint vum Mount gespruddelt, mee d’Depensë bal genau esouvill.
Et géing nach "Loft no Ënnen" ginn, fir d'Depensë beim Staat ze bremsen, sou de Finanzminister Gilles Roth.
© Moerschy / Pixabay

Déi ganz Recettë vum Lëtzebuerger Staat ware bis Enn September ëm 9,9% gewuess par Rapport zum selwechten Zäitraum d’Joer virdrun. D’Depensë sinn awer och ëm 8,9% geklommen, esou datt ënnert dem Stréch en Defizit vun 339 Milliounen Euro beim Zentralstaat, also ouni Sozial Keesen a Gemengen, bleift.

An esou datt de Finanzminister Gilles Roth no senger Presentatioun an der zoustänneger Chamberkommissioun dëse Méindegmëtteg trotz engem komplexen internationale Kontext gläichzäiteg “positiv gestëmmt” mee och “virsiichteg” war. Et géing nach “Loft no Ënnen” gi fir d’Depensë beim Staat ze bremsen. Hien huet awer betount: “Mir maache keng Austéritéitspolitik zu Lëtzebuerg”.

“Generell gesinn ass et och wichteg, datt ee sozial Rou huet zu Lëtzebuerg”, esou de Gilles Roth, deen op héich Investitiounen an d’Infrastrukturen an an d’sozial Leeschtungen higewisen huet. Säin übleche Liblingssproch, datt een “d’Ham net ëmmer muss an der Mëllech kachen” huet hien dës Kéier méi technesch ausgedréckt: et misst ee kucken wat “utile et nécessaire” ass, also wat noutwendeg an nëtzlech ass. Bei Investitioune misst de Käschtepunkt “raisonnabel” sinn, bei senger Astellungspolitik misst de Staat kucken, wéi vill méi Beamten e kéint “verquessen” an d’Funktionnementskäschte missten ënnert engem “verträglechen Niveau” bleiwen. Hien huet sech am Géigesaz zu méi fréi am Joer net op eng fest Zuel festgeluecht.

De gréissten Ausgabe-Poste beim Zentralstaat ware bis Enn September d’Paie mat 5,7 Milliarden Euro an op ee Joer gekuckt läit d’Hausse do bis elo bei Plus 7,3%. D’Transferte bei d’Sécurité Sociale kommen op zweeter Plaz mat 5,3 Milliarden Euro an engem Plus vu 6,5%. Am meeschte Recettë spullen d’Steieren op d’Salairen an d’TVA eran. Op drëtter Plaz kommen d’Recettë vun der Kierperschaftssteier, déi ewéi et heescht e puer Betriber zu engem groussen Deel ausmaachen.

Oppositioun: Volatil Recetten, déi deels vum Himmel gefall sinn

Vun der Oppositioun waren no der Sitzung vun de Chamber Finanz- a Budgetskontrollkommissioune just d’Vertrieder vun LSAP a Gréng eis entgéint komm, fir d’Staatsfinanzen ze kommentéieren. Den LSAP Deputéierte Franz Fayot an d’gréng Députéiert Sam Tanson hu begréisst, datt d’Recettë sech positiv entwéckelt hätten, mee drop higewisen datt dat notamment drop zeréckzeféieren ass, datt d’Finanzplaz vun de méi héijen Zënse profitéiert a 400 Milliounen Euro duerch eng Ierfschaft “vum Himmel erofgefall” sinn.

De Franz Fayot huet sech Suerge gemaach, well eng deier Steierreform elo nach geplangt wier, déi eng ambitiéis Politik, fir op d’Erausfuerderungen an Zukunft ze reagéieren, schwäche géing.

D’Sam Tanson vermësst bei der CSV-DP-Regierung eng besser Ëmverdeelung. Genee ewéi de Franz Fayot huet d’gréng Deputéiert eng méi staark Besteierung vun den héije Revenuen a vu Kapitalerträg gefuerdert. Op d’Zäit ugeschwat, wou déi Gréng an der Regierung waren, huet si geäntwert, datt d’DP de Finanzministère an ee Kompromësser hätt missen agoen. Si huet awer och drop higewisen, datt ënnert hinnen den amortissement acceleré, e steierleche Virdeel fir Investisseuren a Locatiounswunnengen, erofgefuer gouf.

De Franz Fayot huet de Gilles Roth fir eng “ëmmer ganz gutt a konstruktiv” Kommunikatioun mat der Chamber gelueft. Bei der politescher Ausriichtung géing een awer “e bëssen auserneeleien”. Den LSAP-Deputéierte gleeft net un d’“Mantra” vum “méi Netto vum Brutto” vun der CSV-DP-Regierung, wou haaptsächlech besser gestallte Leit bevirdeelegt géinge ginn, fir déi aner mat eropzezéien. D'wirtschaftlech Croissance ass schwaach, wat net der Regierung hir Schold wier oder just zu Lëtzebuerg de Fall wier, mee awer weise géing, datt d’trickle-down-Approche net géing hir Friichten droen.

Weider Detailer am Schreiwes vum Finanzministère

D'Recetten an d'Depense vun den éischten 9 Méint am Detail.

Back to Top
CIM LOGO