
400 Milliounen Euro krut d’Staatskeess duerch eng eenzeg Successioun eran – also wuel verstanen dank enger Persoun, déi keen an direkter Linn hat, fir säin oder hiert Verméige steierfräi kënne weiderzeginn. "Secret fiscal oblige", dat weess och de Finanzminister. Eng traureg, mee och gutt Nouvelle.
Fir d’Vertrieder vun LSAP a vun déi Gréng soll ee sech net op esou exzeptionell Recette verloossen, mee nei strukturell Recette siche goen. Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet op déi schwaach wirtschaftlech Croissance higewisen, mee och Depensen an Investissementer, déi een net kéint "compresséieren". Ähnlech Analys vun der grénger Deputéiert Sam Tanson, déi d'aussergewéinlech Recetten erausgerechent huet an op e budgetären Defizit komm ass, deen 200 Milliounen Euro méi héisch wier, wéi de Budget, dee fir dëst Joer gestëmmt gouf, virgesäit.
De Finanzminister Gilles Roth ass e Méindeg - ewéi d'lescht Woch bei eis op der Antenn - dobäi bliwwen: d’Staatsfinanze wiere "robust". De budgetären Defizit d’lescht Joer wier besonnesch zeréckzeféieren op déi zousätzlech Ausgabe vu 500 Milliounen Euro fir d’Défense an d’Ausgabe fir de Bau vu bezuelbare Wunnengen, respektiv de Kaf vu Wunnengen um Plang. Trotzdeem wëll hien nach ëmmer fir d’nächst Joer d’Hausse vun den Ausgabe limitéieren.
Aktuell wier ee bei enger Hausse vun 8,8 Prozent. An enger Circulaire un d’Administratioune war d’Zil net méi ewéi 4,5 Prozent. E Méindeg sot de Gilles Roth 5 Prozent. Dorop ugeschwat huet hien dat hei geäntwert: "Wonschdenke vum Minister, dat ass dat eent. Mee hie muss kucken, datt déi ganz Regierung d’accord ass mat op de Wee ze goen. Wa mir eng 5 vir stoen hunn, dann ass dat e Kompromëss, dee fir mech acceptabel ass."
Um Enn vum éischte Semester dëst Joer, weist de Finanzministère sech zefridde wat d‘Recettë vum Staat ugeet. Dës wieren am Verglach mam éischte Semester zejoert ëm eppes méi wéi 10 Prozent an d‘Luucht gaangen. D‘Präisdeierecht huet dann och dofir gesuergt, datt de Staat eng Partie méi Suen duerch d‘TVA erakritt huet. Hei klammen d‘Recetten ëm gutt 11 Prozent op 3,1 Milliarden Euro.
D‘Depense klammen dogéint och weider. De Gros dovu fléisst an ëffentlech Investitiounen, Sozialleeschtungen, lokalen Administratiounen an natierlech an d‘Paitute vun de Leit, déi beim Staat schaffen.
Weider schwätzt de Finanzministère vun enger moderater Staatsschold am internationale Verglach. Als kuerz Erënnerung hat ënnert anerem den internationale Wärungsfong Lëtzebuerg virun enger ongesonder Entwécklung vun de Staatsfinanzen, respektiv vum Staatsdefizit an den nächste Jore gewarnt.