
Dat ass e Mëttwoch no der zoustänneger Santéskommissioun an der Chamber däitlech ginn.
A Gespréicher mam Verband vun den Hiewane war sech déi viregt Ministesch Paulette Lenert eens, fir de Conseil Scientifique mat enger Analys ze beoptragen an den Encadrement fir sämtlech Gebuerten ze erstellen, souwuel am Hospitalier wéi am Extrahospitalier. Zanterhier wier näischt geschitt, esou déi aktuell LSAP-Deputéiert a fréier Santésministesch Paulette Lenert.
“Deen Avis ass d’lescht Joer am Januar ugefrot ginn an ech hu selwer scho ganz ongedëlleg dorobber gewaart. An ech mengen déi nei Ministesch och elo. Si wäert jo nach eng Kéier nofroen, dat ass eng nächst Etapp. Am Moment gëtt et Richtlinnen am Ausland, mee hei zu Lëtzebuerg hu mer keng. A wann een dat wëll anstänneg maachen, an dat war zu deem Zäitpunkt de Konsens och mat dem Verband vun den Hiewanen, dann ass et gutt, wa mer eis selwer esou Richtlinne ginn, fir dann déi Aktivitéiten ze reegelen.”
Dee Rapport, dee wéi gesot am Januar ugefrot gouf, wier awer nach net do.
Déi nei CSV-Ministesch Martine Deprez wëll dësen Avis vum Conseil Scientifique ofwaarden. Dat wier och am Koalitiounsaccord esou festgehalen.
Vum Conseil Scientifique heescht et op Nofro, dass de Rot just 4 bis 5 Mol d’Joer zesummekënnt an den Ament nach um Avis geschafft gëtt. Fir Enn Juni kéint mat enger Publikatioun gerechent ginn.