ZukunftskeessDen éischte Co-Working-Space a staatlecher Institutioun

Tim Morizet
De Co-Working Space ass scho laang net méi nëmme fir Solo-Entrepreneuren. Ëmmer méi Entreprisen zu Lëtzebuerg sprangen op den Zuch op...
Den éischte Co-Working-Space a staatlecher Institutioun
De Coworking Space ass scho laang net méi nëmme fir Solo-Entrepreneuren. Ëmmer méi Entreprisen zu Lëtzebuerg sprangen op den Zuch op...

Et ass den éischte CoWorking-Space an enger staatlecher Institutioun, een op deen een houfreg ass bei der Zukunftskeess. Et hofft een nach weider Institutiounen ze motivéieren dëse bis ewell nach zimmlech neie Schrëtt zu Lëtzebuerg ze goen.

De CoWorking-Space ass scho laang net méi nëmme fir Solo-Entrepreneuren. Ëmmer méi Entreprisen zu Lëtzebuerg sprangen op den Zuch op. Hei lockert een net nëmme Kniet am soss esou décken zentraliséierten Trafic zu Lëtzebuerg, ma erhéicht och d'Qualité de vie bei den Mataarbechter. E Schrëtt deen een sech och bei der Zukunftskeess getraut huet, dat och fir kompetitiv ze bleiwe, esou d'Myriam Schank, Presidentin vum Conseil d'Administration:

D'Reform an der Fonction Publique vun 2015 huet et de Leit déi bei eis schaffen, haaptsächlech an der Karriär Moyenne vum Redakter, vill méi einfach gemaach op hier Gemengen oder méi no vun do wou se wunne schaffen ze goen. An do hu mir eis gesot datt wa mer eis Leit wëllen halen da musse mir eppes maachen, fir och attraktiv ze ginn.“

An enger éischter Etapp hätt een d'Mataarbechter iwwert hier Wunn-Lach interviewed. Doropshi goufen e puer Lokalitéite festgehalen:

Do hunn mer Klierf an Iechternach detektéiert. An dat nächst wat mir wäerten opmaachen an eis Leit kënnen hi schécken ass Esch/Belval well e groussen Deel vun de Leit déi bei eis schaffen aus dem Süde sinn.“

An engem Roulement schaffen den Ament eng 30 Leit bis zu 2 Deeg zu Klierf an Iechternach. Eng 50 komme mat Belval dobäi.

E groussen Deel vun der Aarbecht, notamment Telefonen an d'Gestiounen déi digital verschafft gi kënne mobil traitéiert ginn. E Plus fir d'Produktivitéit, erkläert Tessy Strotz, Gestionnaire fir d'Zukunftskeess: „Aplaz datt ech bal eng Stonn am Zuch setzen, sinn ech an 12 Minutten hei zu Klierf. Doduerch ass een dann och vill méi frei Doheem. Wat natierlech Rise Virdeeler huet a motivéiert.“

De Sëtz vun der Zukunftskeess, ewéi och d'Guicheten an aner Servicer bleiwen an der Stad baséiert.

Zanter knapp engem Joer leeft de Projet vum CoWorking-Space. Et zitt ee bis ewell e positive Bilan. Esou positiv datt och en Télé-Travail Pilotprojet fir d'nächst Joer geplangt ass.

CoWorking bei der Zukunftskeess / Reportage Tim Morizet

Back to Top
CIM LOGO