Op den 1. JuliDen Emile Eicher hält als Clierfer Schäffen op

RTL Lëtzebuerg
Den Emile Eicher hat jo scho kuerz no de Chamberwalen 2023 annoncéiert, dass hien dës Legislaturperiod weder als Schäffen, nach als Deputéierte wäert fäerdeg maachen.

Wéini hie genee seng Mandater néierleeë wäert, hat den CSV-Politiker a President vum Syvicol bis ewell net gesot. Ma elo gëtt et, op d'mannst wat seng Demissioun als Clierfer Schäffen ugeet, Kloerheet. Den Emile Eicher wäert deemno säi Mandat als Schäffen op den 1. Juli néierleeën. Wéi d'Gemeng Clierf an engem kuerze Mail matdeelt, huet de Gemengerot an der Sëtzung vum 1. Juni eestëmmeg de Conseiller Jules Clement vun der CSV als neie Schäffe proposéiert.

De Emile Eicher hat ons am Abrëll scho gesot, datt hie géing Gemengeconseiller bleiwen, fir och kënne President vum Gemengesyndicat Syvicol ze bleiwen. Hie sot och, hie géing als Deputéierten d'Legislaturperiod net fäerdeg maachen. Wéini hien an der Chamber demissionéiert, ass net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO