
Wéini den Emile Eicher sech genee aus der Chamber zeréckzéie wäert, huet den Nord-Politiker awer net verroden. Well de Jeff Boonen schonn nogeréckelt ass, wéi d’Martine Hansen Ministesch ginn ass, an de Jean-Paul Schaaf nogeréckelt ass, wéi de Christophe Hansen EU-Kommissär ginn ass, ass et elo un der Myriam Binck-Schaack. D’Buergermeeschtesch vu Rammerech koum 2023 op déi siwent vun néng Plazen op der CSV-Nordlëscht.
Nach viru sengem Récktrëtt aus der Chamber wäert den Emile Eicher op lokalem Niveau méi lues maachen. Zanter de Gemengewalen 2023 ass de laangjärege Buergermeeschter 1. Schäffen zu Clierf, dee Poste wäert hien am Summer awer un de Jules Clement ofginn. Hie wäert awer weider am Gemengerot bleiwen. Dat ass dann och d’Viraussetzung dofir, datt hie President vum Gemengesyndikat Syvicol bleiwe kann, wat hien dann och bleiwe wäert*. De ganz geneeën Timing huet den Emile Eicher wéi gesot nach net verroden, hie géing dat an Ofsprooch mat der Partei maachen.
*An enger éischter Versioun vun dësem Artikel hat et geheescht, datt den Emile Eicher sech ganz aus dem Clierwer Gemengerot an dowéinst och als Syvicol-President zeréckzéie wäert.