
An dëser war et dorëms gaangen, ob den Hamilius eng ëffentlech Plaz wier, iwwert déi d’Stad Lëtzebuerg kéint Decisiounen huelen oder net. De Guy Foetz” vun déi Lénk hat dës Fro gestallt, nodeems d’Plattform JIF, déi den 8. Mäerz de Fraestreik organiséiert, matgedeelt hat, dass d’Demonstrante méiglecherweis net iwwert den Hamilius kéinte goen. Dat well d’Plaz enger Immobiliëfirma géif gehéieren an dës keng Manifestatioun bei sech wéilt.
E Méindeg huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer am Gemengerot op dem Guy Foetz seng Fro geäntwert. Den Hamilius ass a bleift eng ëffentlech Plaz – dat huet d’Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer kloergestallt. D’Informatioun, dass de Fraestreik net iwwert den Hamilius goe kéint wier falsch:
“De Promoteur, deen ass responsabel effektiv fir d’Plaz am Sënn vun der Stabilitéit, an et kann och näischt op der Plaz gemaach ginn, wat déi Stabilitéit géing a Fro stellen. Dat ännert awer näischt drun, datt dat, wat op där Plaz geschitt, datt dat einfach ganz normal esou gereegelt gëtt wéi all aner ëffentlech Plaz hei an der Stad.”
D’Organisateuren hätten dann och schonn eng Äntwert vum Gemengerot kritt.