Fraestreik den 8. MäerzRassemblement um Hamilius wéi geplangt

RTL Lëtzebuerg
Et wier net erlaabt um Hamilius ze manifestéieren, well de Proprietär dat net wëllt. Dat war de Message vun der Gemeng, deen awer nees revidéiert gouf.

De Gemengeconseiller vun déi Lénk, de Guy Foetz hat e Freideg an enger Question urgente Erklärunge vum Stater Schäfferot gefrot. Hien hätt schonn 2015, wéi d’Konventioun tëscht der Gemeng a Royal Hamilius ënnerschriwwe gi wier, Bedenke geäussert zu der Privatiséierung vun der Plaz, an deemools verséchert kritt, datt den Hamilius säi Statut als Place publique géif behalen.

Op Nofro bei der JIF krute mir d’Prezisioun, datt de Rassemblement fir de Fraestreik um Hamilius antëscht erlaabt gi wier. Et dierft awer net op der Plaz selwer manifestéiert ginn.

Weltfraendag: JIF organiséiert den 8. Mäerz Demo an der Stad - Feministesch Plattform fuerdert méi Accueilsstrukture fir Fraen an Nout

Back to Top
CIM LOGO