
Am Regierungsrot war et de Point iwwert dës Campagne: RTL-Informatiounen no gouf do och decidéiert, datt den Impfzenter fir den Osten op Munneref kënnt.
Dësen Zenter gëtt am Scouts-Home um Site vum fréieren Camping installéiert.
Vun e Méindeg u gëtt och nees am am groussen Impf-Zenter an der Stad vaccinéiert.
Dës Plaz war jo virun déck zwou Wochen zougemaach ginn, mee mécht lo nees hir Dieren op, sou datt do d'Leit hiren Rappell mat enger zweeter Impf-Dosis kënnen kréien.
Wärend 3 Deeg waren um Lampertsbierg ronn 1.500 Leit aus dem Santéssecteur geimpft ginn, duerno ware mobil Ekippen ënnerwee, fir ronn 490 Leit an de Spideeler ze impfen, respektiv ronn 900 Persounen an den Altersheemer.
An de Spideeler bleiwen nach 1.500 Leit ze impfen, an den Altersheemer sinn et der nach 600 - dës Dosisse sinn och disponibel.
Dës Zuelen liwwert d'Santés-Ministesch op eng urgent parlamentaresch Fro vun der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen.