AdemDen IT-Beräich boomt: Bal 3 Mol méi Job-Offere wéi nach 2015

Annick Goerens
Mir sinn alleguer vill méi digital ënnerwee an och ëmmer méi matenee vernetzt.
Den IT-Beräich boomt: Bal 3 Mol méi Job-Offere wéi nach 2015
Et gouf eng enorm Hausse vun Aarbechtsplazen am IT-Beräich, déi allerdéngs net all kënne besat ginn. Et feelt nämlech un de néidege Kompetenzen.

Dofir iwwerrascht et och net, dass et eng enorm Hausse vun Aarbechtsplazen am IT-Beräich gëtt, déi allerdéngs net all kënne besat ginn. Et feelt nämlech un den néidege Kompetenzen.

D’Adem huet eng Etüd tëscht 2015 an 2022 gemaach, fir Transparenz ze schafen an ze verstoen, wouhin den Aarbechtsmarché sech entwéckelt. D’Zuele weisen eng däitlech Croissance, erkläert d‘Direktesch vun der Adem Isabelle Schlesser.

„Dat ass haaptsächlech an dem Developpement informatique. Dat ass de Metier, wou mer déi meeschte Plaze gemellt kréien. An dat an absolutten Zuelen, dat muss ee sech virstellen, um ganzen Territoire vu Lëtzebuerg. Wann een elo all d‘Beruffer vun der Informatik hëlt, dat weise mer schéin an der Etüd. Do hu mer Croissancë vun 2,8 Mol méi Posten tëscht 2015 [an 2022 ndlr]. Dat ass wierklech eng enorm, enorm Croissance.”

Grad am Beräich vun der Informatik muss een am Beschten iwwerspezialiséiert sinn an dofir ginn d‘Ufuerderungen un d‘Informatiker och ëmmer méi grouss. Een Diplom eleng, geet hei am Land net méi duer.

„Mir hunn am Moment 1.400 Leit aus de Beruffer vun der Informatik, déi bei eis ageschriwwe sinn. An dat erkläert sech notamment doduerch, dass d‘Entreprisen haaptsächlech hei zu Lëtzebuerg awer ganz exigent sinn. Bal een Drëttel vun deenen Offeren, froe méi wei 10 Joer Beruffserfarung. Mir hu schonn net vill Kandidaten, déi den Diplom hunn, déi d‘Kompetenzen hunn, wann een natierlech och nach ganz vill Erfarung brauch, da gëtt et nach méi schwéier, déi Kandidaten ze fannen.”

Dofir bitt d‘Adem ëmmer méi Formatiounen an der Informatik un. Dat virop fir déi Leit, déi bei hinnen ageschriwwe sinn. Et ginn zwou grouss Kategorien. Ugefaange mat de Grondkenntnisser:

„Wéi ee mat engem Smartphone ëmgeet, wéi maachen ech mer eng E-Mail-Adresse, op wat muss ech oppassen, wann ech een Internetsite consultéieren an esou Saachen. An déi aner Kategorien, dat si ganz spezifesch Formatioune fir Leit, déi scho gutt Kompetenzen hunn, mee déi awer zum Beispill elo e neie Programmatiounslangage wëlle léieren.“

Fir dës Formatiounen kritt een och Zertifikatiounen. Wichteg wier awer, dass och Leit, déi nach net am Chômage sinn, sech weiderbilden, sou d‘Direktesch vun der ADEM.

Am Beräich vun der Informatik geet dat zum Beispill beim Digital Learning Hub (www.dlh.lu)

Fir nach méi Transparenz um Aarbechtsmaart ze bidden, huet d‘Adem iwwregens och hiren neien Tool “JobInsights” presentéiert, wou ee gesäit, wéi eng Job-Opportunitéiten a wéi enge Beräicher oppe sinn a wéi eng Kompetenzen am Meeschte gefrot sinn.

Op dëst Instrument kënnt een entweder um Site vun der ADEM selwer www.adem.lu oder iwwer www.jobinsights.lu

Back to Top
CIM LOGO