
Den OGBL bléckt mat enger gewësser Suerg op d’Zukunft vun de 650 Salariéen um Standuert Lëtzebuerg, well effektiv eng gréisser Restrukturatioun zu Betzder usteet, respektiv schonn amgaangen ass.
An de leschte Wochen hätte scho Kaderen nei intern Posten oder en “Départ à l’amiable” proposéiert kritt.
Den onofhängege Gewerkschaftsbond rappelléiert, datt et schonn an de leschte Joren zu Betzder drënner an driwwer gaange wier an datt Aktivitéiten a Rumänien delokaliséiert gi wieren, déi och hätte kënnen zu Lëtzebuerg bleiwen.
Den OGBL appelléiert an deem Kontext un de Staat als Aktionär an un de Kommunikatiounsminister Bettel, eng aktiv Roll an de Verhandlungen ze spillen an Aarbechtsplazen am Grand-Duché ofzesécheren.