Tripartite-Accord net matgedroenDen onofhängege Gewerkschaftsbond rechtfäerdegt sech eng weider Kéier

RTL Lëtzebuerg
An engem Artikel an der OGBL-Zeitung schreift d'Presidentin Nora Back, datt den OGBL sech net radikaliséiert hätt, mä genee do wier, wou en higehéiert.
© RTL-Archiv

D’Salariéen an hir Famillje géingen ugegraff ginn. Et géing een näischt ënnerschreiwen, wou et eng flächendeckend Ëmverdeelung vun ënne no uewe gëtt. D’Regierung an d’Patrone géinge versichen, ze desinforméieren, wa se soen, datt den OGBL net sozial genuch wier. Dat maachen se, fir vun der Index-Manipulatioun ofzelenken, sou d’Presidentin Nora Back.

Wa Walversprieche gebrach ginn a wa géintiwwer der gréisster Gewerkschaft net Wuert gehale gëtt, spéitstens da wier kloer, datt den OGBL richteg léich. Genee an deene Momenter misst een opstoen a sech wieren a wann néideg och op d’Strooss goen, sou nach d’Nora Back.

PDF: Schreiwes vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO