
D’Televisiounsstatioun, déi am Januar 2004 lancéiert gouf, gëtt deemno vum 31. Dezember u gestoppt. Et wier eng Decisioun gewiescht, déi net liicht gefall ass, mä déi aus wirtschaftleche Grënn inevitabel gi wier, esou de Leo Folschette a Maurice Molitor.
Wärend hirem 20 Joer ale Bestoen hat d’Chaîne ënnerschiddlechst Contenuen diffuséiert, vu Reportagen, Documentairen, Interviewen an Talkshowe bis Museksclippen, Pressekonferenzen, Immobilien-Annoncen a villes méi.