MeteoluxDen Owend ass am ganze Land mat Schnéi, respektiv Glatäis ze rechnen

RTL Lëtzebuerg
Wéi Meteolux mellt, muss tëscht den Owend 21 Auer an en Dënschdeg um 2 Auer mat engem bis dräi Zentimeter Schnéi gerechent ginn.
© www.meteolux.lu

An de Previsioune vu Kachelmannwetter gëtt dann och viru Glatäis gewarnt. No Hallefnuecht géifen d'Schnéischaueren a Richtung Osten ofzéien a moies sinn Temperaturen tëscht -1 a +2 Grad gemellt.

Den Dënschdeg bleift et gréisstendeels dréchen, éier am fréien Nomëtteg Reen oder esouguer Glëtz erofkomme kann, dat bei Temperature vun 1 bis 5 Grad.

© www.meteolux.lu

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?

Back to Top
CIM LOGO