
Am Schouljoer 2020/2021 gouf et 1.736 Schoulofbriecher (8,2 Prozent). Den Taux ass domat vergläichbar 2016/2017, an deem 1.720 Schüler (8,15 Prozent) hir Educatioun ofgebrach haten. Am Joer 2019/2020 louch den Taux mat 6,92 Prozent am nidderegsten, nodeems en am Joer virdru scho liicht erofgaange war.
Dat geet aus engem neie Rapport vum Educatiounsministère iwwert den Décrochage scolaire ervir. Decrochage dat heescht, datt ee matten oder um Enn vum Joer ophält an ouni Diplom d’Schoul verléisst.
Ronn 23 Prozent vun deenen, déi mat der Schoul opgehalen hunn, hu sech d’Joer drop awer nees ageschriwwen. Deen Taux geet an d’Luucht. Den Taux vun de Schüler, déi sech no engem ofgebrachene Joer net nees ageschriwwen hunn, louch 2020/2021 bei 6,31 Prozent.
Jonk Männer, déi schonn zweemol redoubléiert hunn, an an engem 9. oder 10. Schouljoer sinn, also op 5e, 4e oder an der Beruffsausbildung, bei deenen ass de Risk am gréissten, fir mat der Schoul opzehalen.
Als encourageant beschreift den Educatiounsministère, datt den Taux vun de Schoulofbriecher weiderhin ënner dem vun der EU fixéierten Taux vun 10 Prozent läit.