
Besonnesch den Teletravail kéint sech op d’Sécurité sociale an d’Staatsfinanzen auswierken. Dat notamment wéinst de Frontalieren. Méiglecherweis wéilten ëmmer méi vun hinnen am Home-Office schaffen a wieren dofir bereet, en Deel vun hirer Pai an hirem Heemechtsland besteieren ze loossen, sou laang se an der Lëtzebuerger Sécurité sociale assuréiert bleiwen.
D’Limitten dofir wieren an enger europäescher Direktiv erop gesat ginn. Dofir huet de Romain Bausch, President vum CNFP a sengem perséinleche Numm ze bedenke ginn, wéi eng Auswierkungen dat op d’Lëtzebuerger Staatsfinanzen an Ekonomie hätt :
“Mir hunn herno eng Sécurité sociale, wou déi Leit haut cotiséieren an herno och mat Recht Prestatioune froen, mä kee Lien méi mat der Lëtzebuerger Wirtschaft hunn oder ganz wéineg Lienen. Dat si net nëmme Frontalieren. Mä dat sinn och all déi Leit, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg kommen, fir ze schaffen an en Deel bleift hei an der Pensioun. Mä e groussen Deel ass guer net méi hei an der Pensioun. An do bezuele mer herno ganz vill Geld selbstverständlech un déi Leit mat Recht, well déi hu cotiséiert. Mä d’Ekonomie huet guer näischt méi dovun an dat gëtt sauer.”
Op d’Fro, ob de Fonctionnement vun der Sécurité sociale misst iwwerduecht ginn, war d’Äntwert vum Romain Bausch an der Simone Delcourt, Member am CNFP dowéinst : “Ganz kloer: Jo!”
Den Iwwerschoss an der Sécurité sociale geet de Projektioune vun der Regierung no iwwert déi nächst Jore kontinuéierlech erof. Dat vun 1,097 Milliarden Euro dëst Joer op 573 Milliounen Euro am Joer 2027.