27. Abrëll 2019Den Télévie-Dag bleift dëse Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Nom Doud vum Grand-Duc Jean ass och den Télévie am Trauer, d'Lutte géint de Kriibs geet awer weider.

Dofir bleift den Télévie-Dag, no Ofsprooch, och op deem Datum, deen dofir virgesi war: De Samschdeg, 27. Abrëll ass dee groussen Télévie-Dag an och déi eenzel Zentre funktionéieren deen Dag wéi geplangt.

Déi grouss Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg fänkt de Samschdeg um 19 Auer un.

Weider Informatiounen um Site vum Télévie.

Back to Top
CIM LOGO