
D’Déier reest duerch verschidden europäesch Stied a soll iwwerall dat nämmlecht Zeeche setzen: Genee wéi den Dinosaurier sollt och den Traité ausstierwen. Ratifizéiert am Joer 1994 vun den EU-Memberstaaten accordéiert dësen Energievertrag Schuedenersatz un Entreprisen, déi op fossillen Energien opbauen. Dës Aktioun géing awer der Transitioun a Richtung erneierbar Energien am Wee stoen.
Den Traité sur la Charte de l’énergie gëtt den Ament reforméiert. Wann et no der Action Solidarité Tiers Monde geet, kéint een dësen Traité awer guer net moderniséieren.
De gréisste Problem un dësem Energievertrag wier nämlech, dass Firmen aus dem Beräich vun de fossillen Energien a bestëmmte Fäll kënne vun engem Stad Schuedenersatz verlaangen. De Fall geet dann op ee privat Schiidsgeriicht. De Cédric Reichel vun der ASTM nennt e Beispill:
“Et gëtt e bekannte Fall, RWE, den däitschen Energiekonzern géint d’hollännesch Regierung, wéinst hirem Ausstig aus der Kuel, do geet et einfach emol ëm Milliarden. Mir schwätzen deelweis vu 4,5,6 Milliarden, wou Staate vun Entreprisë verklot ginn. An dat ass einfach net zäitgeméiss, mer schwätze vu Steiersuen an dat kann net sinn.”
Dës Prozesser wieren awer guer net kompatibel mam EU-Recht. Aus dësem Grond huet den EuGH zejoert och d’Streidegkeeten tëscht den EU-Membere fir onwierksam erkläert. De Problem wier awer, dass net all Schiidsgeriicht dës Decisioun wéilt akzeptéieren.
Ma genee sou Plaintë géingen awer d’Energietransitioun vun den eenzele Länner blockéieren. Aus dësem Grond fuerdert d’ASTM och den Austrëtt vu Lëtzebuerg a vun deenen aneren EU-Memberstaaten aus dem Traité sur la Charte de l’énergie. De Cédric Reichel:
“Mir fuerdere vum Energieminister Claude Turmes, dass hie mat deenen anere Staaten eng Koalitioun billt, dat ass zum Beispill Däitschland, Spuenien, Polen, Holland fir mat deene Länner eng Koalitioun ze bilden an ze soen, dësen Traité kann net reforméiert ginn, mir ginn elo gemeinsam eraus an da gi mer och kee Risiko méi an, verurteelt ze ginn.”
D’ONG betount nach, dass nëmme wa jiddereen aus der EU géing erausgoen, dass dann d’Chance besteet, dass den Energievertrag kéint opgeléist ginn. Einfach sou austriede wier awer och net sou einfach. Et gëtt nämlech eng Klausel am Kontrakt, déi seet, dass ee bis zu 20 Joer nom Austrëtt ëmmer nach ka verklot ginn.
Den Energieminister Claude Turmes, deen och op der Plaz war, lueft den Engagement vun der ASTM.
Konkret ausgeschwat fir en Austrëtt aus dem Traité huet hie sech awer net. Hie sot awer, datt Investissementer a Gas, Pëtrol a Kuel net méi protegéiert dierfe ginn.
