
Den Tripartitesaccord steet. Bis e Sonndeg den Owend gouf um finalen Text, deen 10 Säiten huet, geschriwwen.
De "Resilienzpak" besteet aus 20 Mesuren, fir d'Inflatioun ze bremsen, d'Kafkraaft ze stäerken, d'Aarbechtsplazen an d'Ekonomie ze schützen an d'Energietransitioun virun ze dreiwen.
Am Text ginn d'Mesuren, déi schonn en Donneschdeg den Owend no der véierter Reunioun tëscht Regierung a Sozialpartner annoncéiert gi waren, präziséiert a verankert.
De Kontext ass kloer: den Iran-Krich a seng wirtschaftlech Repercussiounen op Lëtzebuerg. D'Onsécherheet géif klammen, heescht et am Text, well den Impakt net komplett virauszegesi wär.
Well d'Strooss vun Hormus, déi sou wichteg ass fir den Handel vu Pëtrolsproduiten, nach ëmmer blockéiert ass, sinn d'Energiepräisser héich a stelle fir Stéit a Betriber e Problem duer. D'Regierung wëll deemno d'Inflatioun drécken.
D'Unioun vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg hat drop gehalen, dass eng zweet Indextranche bannent 12 Méint fir vill Betriber net ze verkraafte wär.
D'Regierung wäert en Deel vun de Méikäschten op der Pompel iwwerhuelen, andeems se d'Accisen erofsetzt. Bensinn an Diesel kaschten d'Leit da 5 Cent de Liter manner.
Dës Mesure gräift vum 1. Juli bis den 31. Dezember a gëllt, wann d'Präisser iwwert de Niveau vum 1. Februar dëst Joer klammen.
Vum 1. August u bis Enn des Jores ginn déi Residente belount, déi Stroum spueren. Wie manner ewéi 25.000 Kilowattstonnen d'Joer verbraucht, gëtt temporär mat 4 Cent d'Kilowattstonn subventionéiert.
Déi Mesure ergänzt d'Reseauskäschten, déi de Staat jo zum Deel iwwerhëlt. De Stroumpräis gëtt deemno zäitweis mat bis zu 11,3 Cent d'Kilowattstonn vum Staat subventionéiert.
Obwuel den Tripartitesaccord en Accent op déi energeetesch Transitioun leet, gi Stéit mat méi alen Heizungen och ënnerstëtzt: De Staat iwwerhëlt 15 Cent de Liter Mazout tëscht dem 1. August an dem Enn vum Joer.
Beim Gas ginn et temporär 15 Cent de Meterkibb, verrechent iwwer d'Reseauskäschten.
En Donneschdeg haten de Premier Luc Frieden an d'Sozialpartner scho relativ detailléiert erkläert, wéi d'Leit méi Netto vum Brutto sollen hunn. Eng Mesure, vun der jiddereen dee schafft profitéiert, ass e Credit d'impot conjoncture an Héicht vun der Upassung vum Barème un eng Indextranche.
Dës Mesure gëllt provisoresch vu Juli bis Dezember. Vum Januar 2027 u gëtt dëse Steierkredit dann an de Barème integréiert. Am Pabeier ass net vun enger akommesofhängeger Staffelung riets.
No intensive Verhandlunge ware sech d'Regierung, d'Patronat an d'Gewerkschaftsunioun doriwwer eens ginn, fir de Mindestloun bis Juli d'nächst Joer ëm 200 Euro an zwou Kéieren an d'Luucht ze setzen – de Gros op den 1. Januar 2027.
Dës Hausse gëtt iwwert e Steierkredit duerchgefouert. Well de Crédit d'impôt salaire social minimum (CISSM) degressiv ass, gëllt e fir Salaire bis 3.600 Euro.
Dat ass esou gemaach, fir datt Leit, déi knapps méi ewéi de Mindestloun verdéngen, net penaliséiert ginn.
Fir méi onofhängeg vu fossillen Energien an domat vun Drëttstaaten ze ginn, wëllen d'Regierung an d'Sozialpartner erneierbar Energië méi fërderen. Bei dësem Thema hat de Premier déi lescht Woch nach keng konkret Chifferen genannt.
Wéi de "Resilienzpak" virgesäit, kritt een 2.000 Euro méi vum Staat bäigeluecht, wann ee sech eng Wärmepompel uschaaft. Déi Extrahëllef gëllt retroaktiv vum 1. Januar 2026 un an da bis den 30. Juni d'nächst Joer.
Am selwechten Zäitraum kann ee sech och méi bëlleg bei Energiefroe berode loossen. De Staat iwwerhëlt 300 Euro vun der Rechnung fir de Conseil en énergie fir en Eefamilljenhaus, respektiv 500 Euro fir eng Residence.
Bei energeetesche Renovatioune leet de Staat bis den 30. Juni 2027 net méi just 15, mä 20 Prozent bäi.
D'Regierung hat ugekënnegt, de Leasing social fir Elektroautoe vir ze zéien. E soll deemno vum 1. Januar 2027 un a Kraaft sinn.
Mee am Accord gëtt et keng Detailer, fir wien e soll gëllen a wéi en ëmgesat gëtt.

D'Sozialpartner an de Premier Luc Frieden haten et d'lescht Woch scho gesot: Duerch de Succès vun den Tripartiteverhandlunge wär de Sozialdialog nees um Liewen. Vun deem Elan wéilt ee profitéieren a sech méi reegelméisseg nees an den dofir virgesinnene Gremien treffen.
Gewerkschaften, Patronat a Regierung engagéiere sech am Tripartitesaccord nees konstruktiv am Comité permanent du travail et de l'emploi (CPTE) matzeschaffen. An der Suite vun der Sozialkris waren OGBL an LCGB net méi an d'Reunioune gaangen.
D'Situatioun um Aarbechtsmaart an de Chômage wäre beonrouegend. Am CPTE wëll een d'Entwécklungen am A behalen an no Léisunge sichen.
Gläichzäiteg gëtt e Comité de suivi tripartite an d'Liewe geruff. Dora wëllen d'Regierung an d'Sozialpartner de Suivi maache vun de Mesuren, déi op der Tripartite decidéiert gi sinn an hirer Ëmsetzung.
Do soll natierlech och analyséiert ginn, ewéi d'Ekonomie sech developpéiert.
Et soll och gepréift ginn, ewéi sektoriell Cellules de reclassement kënnen an d'Liewe geruff ginn. Do geet et drëms, Salariéeën ze begleeden, déi zum Beispill vun de Konsequenze vun den Technologië betraff sinn, an de Secteur wiessele wëllen oder mussen.
Ëmgedréit geet et och ëm Betriber, déi Mataarbechter sichen – et geet ëm Formatiounen, Qualifikatiounen an Astellungen.
De Comité de suivi tripartite soll an Trimester-Intervallen zesummekommen. En éischte Rendez-vous ass spéitstens am Oktober 2026.
D'staatlech Aide fir Betriber, déi wéinst den Energiepräisser an der aktueller onsécherer wirtschaftlecher Lag besonnesch finanziell ënner Drock stinn, sinn anescht ewéi déi fir d'Stéit net chiffréiert. Dat kann un den EU-Konkurrenz-Reegele leien.
Am Text vum Tripartitesaccord steet, dass d'staatlech Hëllefen, déi d'EU-Kommissioun adoptéiert huet, als Virlag gëllen.
E besonneschen Accent läit op der Ënnerstëtzung fir d'Agrikultur. Ëmmerhi war d'Landwirtschaftskummer bei de Reunioune vun der Tripartite dobäi.
D'Bauerebetriber kréien dëst Joer eng staatlech Hëllef, fir déi méi héich Käschte fir Dünger ze kompenséieren. Och hei muss sech un d‘europäesch Virgabe gehale ginn.
Ënnert anerem soll gepréift sinn, ob d'Betriber Direkthëllefen net kënnen als Avance ausbezuelt kréien.
Den EU-Kader gëtt respektéiert: Regional Produite sollen an de Kantinne vum Staat weider promouvéiert ginn. Biogas-Installatioune solle besser ënnerstëtzt ginn.
Och fir d'landwirtschaftlech Betriber, also och fir Wënzer ënnert anerem, gëtt den Diesel méi bëlleg, dat zu de selwechte Konditiounen ewéi beim Mazout fir Stéit: 15 Cent de Liter.
Gewerkschaften, Patronat a Regierung gesinn de Logement als grousse politeschen an ekonomeschen Defi un. Si grënnen e Comité de suivi du logement, deen d'Evolutioun vum Marché suivéieren an nei Mesuren ausschaffe soll.
Op mannst zweemol d'Joer muss dee Comité sech gesinn.
Eng konkret Mesure hat d'Staatsbeamtegewerkschaft offensiv gefuerdert. Déi soll ëmgesat ginn, sief dann d'EU-Kommissioun hätt eppes dogéint: Wann een en eegent Doheem keeft oder renovéiert soll een iwwer de super-reduzéierten Taux net méi just 50.000 mä 100.000 Euro vun der TVA kënne vum Staat rembourséiert kréien.
Iwwerdeems gëtt d'Alterslimitt vu 40 Joer annuléiert fir dat, wat een an de Bauspuervertrag abezilt, duebel kënne vun de Steieren ofzesetzen. Domat sollen déi Kontrakter fir méi Leit attraktiv ginn.
E Méindeg am spéiden Nomëtteg soll d'Regierung den Accord vun der Tripartite zesumme mat de Sozialpartner am Staatsministère ënnerschreiwen. D'Gremie vum OGBL an LCGB hunn den Text unanime ugeholl, genee wéi och d'Staatsbeamtegewerkschaft.
Et ass dovun auszegoen, dass och d'Unioun vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg an d'Landwirtschaftskummer dem Text gréng Luucht wäerte ginn.
Wéi vill déi 20 Mesuren de Staat um Enn wäerte kaschten, steet net am Text. Bis ewell steet de Chiffer vu 450 Milliounen Euro iwwer zwee Joer am Raum.