Quasi bis déi lescht Minutt gouf un de Formulatioune vun de Mesuren am Tripartitesaccord gedoktert, wéi de President vum LCGB Patrick Dury e Méindeg der Presse verroden huet. Ma trotzdeem gouf den Text nach dee selwechten Dag am fréien Owend ënnerschriwwen.
Eng 20 Mesure sollen d'Inflatioun bremsen an de Leit an de Betriber an dësen onsécheren Zäiten ënner d'Äerm gräifen.
En Donneschdeg den Owend waren d'Sozialpartner an d'Regierung sech am Prinzip iwwer eng ganz Rei Mesuren op de grousse Linnen eens ginn. Iwwer de Weekend huet dat ganzt awer nach missen op de Pabeier bruecht ginn.
De President vum LCGB Patrick Dury:
Ech muss soen ech si ganz frou, dass eis Gremien unanime zougestëmmt hunn, dass et am Ganzen unanime gréng Luucht gëtt mécht mech frou. Mir haten immens vill Aarbecht, déi ass den 8. Oktober 2024 ugaangen. Mir sinn elo erëm an engem anere Film, an deem mir iwwer d‘Tripartite probéieren, Accorden ze fannen.
Och d'Nora Back, Presidentin vum OGBL, gesäit de Sozialdialog revaloriséiert:
Wou d'Diskussioun iwwer de Mindestloun zu Senneng deblockéiert war, ass et séier gaangen. Et war nach ze klären, wéi d'Aufgabe vun den neie Gremie formuléiert géife ginn. Mir hunn dräi grouss nei Gremie geschaaft. Dat begréisse mir, dat revaloriséiert de Sozialdialog an d'Plaz vun de Gewerkschaften.
Et wäert e Comité fir de Logement ginn an eng Cellule, fir den Aarbechtsmaart am Aen ze halen – d'Cellule de reclassement. Am neie Comité de suivi tripartite wäert am Trimester-Rhythmus de Suivi vun den Decisioune gemaach ginn an, wann néideg, neier decidéiert ginn.
Fir de Premier Luc Frieden kann een awer net vun enger permanenter Tripartite schwätzen: "Ech mengen dat war och bei viregten Accorden esou, dass ee muss kucken, wéi se ëmgesat ginn. Suivi heescht jo: Mir hunn hei eng ganz Rei Mesuren decidéiert a kucken elo, wéi se um Terrain wierken."
De legislative Wee geet deemno lo un.
Dem UEL-President Michel Reckinger war den Accord batter néideg, och fir d'Betriber: "Mir mussen eng Reaktioun weisen an dat hu mir hei gemaach. Elo musse mir hoffen, dass dee Krich geschwënn eriwwer ass."
An de President vun der Landwirtschaftskummer Christian Hahn war frou, dass d'Agrikultur no 14 Joer nees bei enger Tripartite mat verhandele konnt, an dass de Secteur gehollef kritt:
Präzis ass et beim Dünger, deen iwwer 50 Prozent Hausse hat, awer och bei den Energiehëllefen, well mir jo och Energie verbrauchen. Déi Mesuren fir d'Leit si fir eise Secteur och wichteg. Wa si méi Kafkraaft hunn, kënne si méi eiser regionaler Produite kafen.
Trotz Accent op Energietransitioun hëlleft de Staat mat der Strenz jidderengem, deen tanken an heize muss.
De CGFP-President Romain Wolff versteet dat: "Am Éislek heize vill Stéit mat Mazout. Och déi musse menger Meenung no gehollef kréien."
En Dënschdeg kritt d'Chamber den Tripartitesaccord presentéiert. Am Nomëtteg ass dann eng Pressekonferenz, wou e puer Ministeren d'Mesuren am Detail explizéieren.
Dëse Reportage kënnt Dir an eisem Podcast Nogelauschtert nach eemol héieren.