No PISA-SchockDeputéiert fuerderen Tempo bei annoncéierte Schoulreformen

Pierre Jans
Um Dënschdeg haten d'Deputéiert aus der Educatiounskommissioun d'Geleeënheet, de Claude Meisch mat hire Froen ze lächeren.
Et soll méi séier goe bei den annoncéierte Schoulreformen.
© AFP (Archiv)

Wéinst de schlechte PISA-Resultater hat d'Schoulrentrée mat engem Schock ugefaangen. Se hu gewisen, wat d'Realitéit ass an dass d'Politik reagéiere muss. Dem Educatiounsminister Claude Meisch no muss den Handy déi éischt dräi Joer Lycée ganz fort bleiwen. Um Dënschdeg haten d'Deputéiert aus der Educatiounskommissioun d'Geleeënheet, hie mat hire Froen ze lächeren. An der ëffentlech diffuséierter Sëtzung goufe roueg Kriticken zu ville Projeten geäussert.

Educatiounskommissioun - De Reportage vum Pierre Jans

Haart gouf et net an der Kommissiounssëtzung. D'Deputéiert wëssen, dass de Claude Meisch net Schold un de schlechte PISA-Resultater ass an dass säi Ressort sécherlech zu deene schwéierste gehéiert. Kritik huet hie sech trotzdeem misse unhéieren. Zum Beispill vum Dan Hardy vun der ADR.

"Der ADR gëtt ze vill gedoktert. De Projet Alpha zum Beispill gesi mir jo ganz skeptesch. D'Alphabetiséierung op Franséisch. Se brauch ze vill Infrastruktur. A mir héiere vum Léierpersonal, dass net genuch Klassesäll do sinn. Et muss een de Leit um Terrain jo awer nolauschteren."

De Ben Polidori vun der LSAP huet dem Educatiounsminister kloer gemaach, dass et him ze laang dauert no der Annonce, en zweeten Intervenant kéint an de Spillschoulsklassen hëllefen.

"Fir d'éischt huet et geheescht, dass dat landeswäit op geet. Du war vun engem Pilotprojet rieds. Mir diskutéieren zanter zwee Joer iwwer eppes, woufir et elo mol 2027 e Pilotprojet gëtt an dat nach ouni Konzept. Ech bleiwen do awer op mengem Honger sëtzen. Dat ass immens schued. Och fir d'Schüler an d'Léierpersonal, déi sech dat awer wënschen."

De Ricardo Marques vun der Majoritéitspartei CSV stéiert sech net um Zäitplang.

"Fir Symptomer fréi ze detektéieren, ass en zweeten Intervenant wierklech eng gutt Saach. Mir si frou ze héieren, dass de Pilotprojet 2027 ugeet."

Déi meescht Parteien ënnerstëtzen de Claude Meisch bei engem méi staarken Handyverbuet. Den David Wagner vun déi Lénk freet sech, firwat awer dann net och de Gebrauch vun Tablets a ville Schoulen hannerfrot gëtt. Hie schwätzt sech virsiichteg fir eng analog Schoul aus.

"Et gi vill Etüden, déi beweisen, dass d'Tablets am Schoulgebrauch keng Plus-value hunn. Am Géigendeel esouguer. Ech hat vill Froen dozou gestallt. Ech mengen, d'Schoul ass do fir d'Kanner, déi doheem net vill liesen, a Kontakt mat Bicher ze bréngen. Si dierf déi Aufgab net un d'Elteren ofginn."

An der Djuna Bernard vun déi gréng no gëtt ze vill iwwer de System geschwat an ze wéineg iwwer d'Schüler.

"Mir waarden op eng laang annoncéiert Reform vun der Schoulmedezinn, an där en plus awer ganz vill Aspekter vu Jonken, virop hir mental Gesondheet, net berécksiichtegt ginn."

Deemno vill Schantercher. E Schoulsystem, deen d'Gripp huet, esou de Ben Polidori vun der LSAP nach.

An eiser neier politescher Talkronn op der Tëlee (Studio2) geet et en Donneschden och direkt ëm de Schoulsystem an d'Konsequenze vun de schlechte PISA-Resultater.

Back to Top
CIM LOGO