
Dat stellt d’Covid19-Taskforce an hirem leschten Update vun e Freideg fest.
Déi aktuell Hausse vun den Infektiounen ass duerch d’Ënnervariant vun der Omikronmutatioun BA.2. zréckzeféieren, déi nach méi ustiechend ass, an duerch d’Ophiewe vun de Restriktiounen.
D’Taskforce geet vun engem Peak vu ronn 1.500 Fäll Uganks Abrëll aus. Deen Ament wier och mat ronn 80 Patienten op der normaler Statioun, an tëscht 7 an 20 Persounen op der Intensivstatioun an de Spideeler ze rechnen. Déi genee Entwécklung géif staark dovunner ofhänken wéi eng Alterskategorië sech ustiechen. D’Experten appelléieren dowéinst nach emol u vulnerabel Persounen, sech komplett impfen ze loossen a bei de sozialen Interaktiounen opzepassen.
Wéi en Effekt d’Ouschtervakanz op d’Infektiounsdynamik huet, dat wier schwéier soen. Et géif duerno ausgesinn, wéi wann déi aktuell Virusvariant zu manner schlëmme Fäll géif féieren. Dat géif och un den Traitementsméiglechkeeten an der Impfung leien.