Aarbechtszäite vun de Reesbus-ChaufferenDesaccord tëscht Busentreprisen a Gewerkschaflter

Serge Pauly
Bis elo däerfe Reesbus-Chaufferen nëmme da méi wéi 6 Deeg um Stéck schaffen, wa si sech dobäi op d'mannst 24 Stonnen am Ausland ophalen.
D'Aarbechtszäite vu Reesbus-Chaufferen suerge fir Diskussiounen
An Zukunft sollen 12 Aarbechtsdeeg um Stéck bei allen Deplacementer mat engem Reesbus méiglech sinn.

An Zukunft sollen 12 Aarbechtsdeeg um Stéck bei allen Deplacementer mat engem Reesbus méiglech sinn. D’FLEAA, de Verband vun de Busentreprisen, geet awer dovunner aus, dass sech fir Lëtzebuerger Chauffere kaum eppes ännert, well hei am Land déi meescht Busreesen d’office an d’Ausland ginn.

D’Gewerkschaftler halen dogéint. Well Dagesausflich net als Deplacementer an d’Ausland zielen, fäerte si, dass si an Zukunft duerchaus 12 Deeg um Stéck op verschidden Destinatioune geschéckt kënne ginn.

Back to Top
CIM LOGO