
Engersäits soll d’Esplanade jo verschéinert ginn an anerersäits soll och den Héichwaasserschutz verbessert ginn. De Projet géing elo zanter 2019 net virugoen, well d’Pandemie dertëscht koum an och well d’Baubranche aktuell Problemer huet mat hire Liwwerketten a mat engem Mangel un Main d’oeuvre.
Donieft hätt een de Projet och ëmmer nees geännert, mee d’Aarbechte géingen also wéi gesot am Fréijoer lassgoen, sou de Minister Bausch.