Äntwert op parlamentaresch FroDëst Joer goufen et scho 16 Expulsiounen aus Wunnengen

RTL Lëtzebuerg
Den LSAP-Fraktiounschef Yves Cruchten wollt vun der Justizministesch wëssen, wéi vill Leit an dësem Joer schonn e Platzverweis kruten.
© AFP Archivbild

Dëst Joer goufen et bis elo 16 Fäll, an deene Leit aus hirer Wunneng expulséiert goufen. Dat schreift d’Justizministesch Sam Tanson an hirer Äntwert.

Eigentlech ass zanter dem 1. Januar 2023 e Gesetz a Kraaft, dat verhënnere soll, datt d’Leit am Wanter hir Wunneng verléieren. No enger formeller Oppositioun vum Staatsrot ginn d’Platzverweiser awer net einfach ausgesat, ma d’Locatairë mussen um Friddensgeriicht beweisen, datt si näischt aneres fannen. D’Dierwiechter géingen d’Leit op hir Rechter opmierksam maachen, heescht et an der Äntwert. Et hätten och am Ganze 16 Locatairen op de Friddensgeriichter an der Stad, zu Esch an zu Dikrech gefrot, datt d’Decisioun suspendéiert gëtt.

Wéi mir op Nofro hi vum Ministère präziséiert kritt hunn, ass et just en Zoufall, datt et 16 Expulsioune goufen a 16 Demandë fir Expulsiounen auszesetzen. Et wieren net déi selwecht 16 Leit, déi expulséiert goufen, déi Demarche gemaach hunn.

Gesetz géint Expulsiounen am Wanter: Bürokratescht Monster am Plaz solidaresch Mesure, seet Mieterschutz

Back to Top
CIM LOGO