Gesetz géint Expulsiounen am WanterBürokratescht Monster am Plaz solidaresch Mesure, seet Mieterschutz

Fanny Kinsch
Dat wier net am Sënn vun deem, wat op der Tripartite decidéiert gouf. Kritik gëtt et och vun der Salariatskammer.
© Mieterschutz.lu

Mieterschutz - De Reportage vum Fanny Kinsch

E bürokratescht Monster am Plaz vun enger solidarescher Mesure - esou beschreift d’Mieterschutz Associatioun d’Gesetz mat deem de Wanter iwwer soll verhënnert ginn, datt Leit op der Strooss landen, well se hire Loyer net méi kënne bezuelen. Dat wier net am Sënn vun deem, wat op der Tripartite decidéiert gouf. Kritik gëtt et och vun der Salariatskammer.

D’Gesetz dat e Mëttwoch an der Chamber gestëmmt gouf geet net sou wäit wéi virgesinn. De Staatsrot war nämlech net averstanen, datt d’Deguerpissementen einfach ausgesat ginn, mat Ausnam vu Scheedungen an haislecher Gewalt. Fir eng formell Oppositioun ze verhënneren, also fir datt d’Gesetz kéint a Kraaft trieden, huet déi héich Kierperschaft eng Alternativ proposéiert, bei där d’Locatairë kënnen op d’Friddensgeriicht goe wa si näischt anescht fannen. Mat Ausnam vu Fäll an deenen d’Wunneng degradéiert gouf oder se vum Proprietär fir de perséinleche gebrauch soll genotzt ginn. An den Ae vu Mieterschutz keng equilibréiert Léisung, seet de President vun der Associatioun Jean-Michel Campanella.

“Dat heescht vill Opwand fir d’Locatairen a vun där anerer Säit, vun der Säit vun de Proprietären, do muss ee jo näischt beweisen, et seet een einfach et wier de Besoin personel, a wie soll dat dann iwwerpréiwen? Dat heescht déi eng mussen dann 100.000 Preuve matbréngen op d’Geriicht an déi aner net. Dat fanne mir net equilibréiert an net ganz richteg.”

An der Chamber huet déi Lénk Deputéiert Nathalie Oberweis sech iwwert den Timing vum Staatsrot gewonnert.

“Mir wonneren eis och e wéineg driwwer dass de Staatsrot, wann en esou laang gebraucht huet fir dësen Avis ze produzéieren, deen elo sou kuerzfristeg komm ass, an e jo quasi den Artikel opdrängt, dee mer jo elo mussen unhuelen.”

Et wier effektiv «à prendre ou à laisser » gewiescht, wann ee gewollt hätt datt d’Gesetz nach iergenden Effekt hätt, sot d’Justizministesch Sam Tanson e Mëttwoch an der Chamber.

“Ech hätt natierlech och gäre gehat wa mer deen Avis vum Staatsrot e bëssen éischter kritt haten, datt mer dat och hätte kéinten am Detail gutt diskutéieren, dat war leider elo hei net de Fall, ech sinn awer frou datt mer deen hei Garde-fou kënnen nach dertëschent schiiben an eben e puer Leit dann evitéieren dass se op d’Strooss gesat ginn wann dann déi Konditioune vum Gesetz erfëllt sinn.”

Et kéint awer net jidderee sech erlaben op d’Friddensgeriicht ze goen, seet de President vun der Mieterschutz Associatioun Jean-Michel Campanella, an dat wieren net onbedéngt Leit déi Recht op eng Assistance judiciaire hätten.

“Wann een da schonn an enger Situatioun ass, datt een de Loyer oder d’Chargen net bezuele kann, da kann een och keen Affekot bezuelen. Dofir ginn et vill Leit déi do net kënnen drop zréckgräifen, dat heescht fir eis wäert dat do net vill bréngen. Et hätt ee vill méi misse preventiv schaffen.”

D’Gesetz géing och ze spéit a Kraaft trieden, nodeems d’Temperature scho wäit ënner 0 Grad louchen. Et wieren an de leschte Wochen och Leit virun d’Dier gesat ginn déi keng Alternativ haten.

Et sinn eis e puer Fäll bekannt. An d’Leit hunn da misse bei Kolleegen ënner kommen, déi haten nach Chance, aner Leit an hirem Auto. Dat heescht ganz brenzeleg Situatiounen, zumools wa Kanner am Spill sinn, well dat vergësst een oft. Et gëtt net vill virgesinn fir déi Famille mat Kanner. Op verschiddene Plazen hu se Chance, da gëtt et e Foyer oder soss eng Solutioun, mee heiansdo ass et da Plang B.”

Doriwwer eraus géingen d’Noutrelogementer net ëmmer fonctionéieren, dat géing vu Gemeng zu Gemeng ofhänken.

“Oft lande Leit trotzdeem op der Strooss, obwuel am Gesetz steet d’Gemenge missten eppes maachen, Relogement d’urgence etc, a verschiddene Gemenge fonctionéiert dat net. A mir haten elo nach e Fall viru kuerzem wou mer opmierksam gemaach gi sinn vu Persounen an do hu mer se och verwisen justement se solle bei d’Gemeng an den Office social goen an do kruten se direkt gesot, nee mir kënnen näischt maache fir Iech, guer näischt. An déi Famill huet awer Kanner. An am Gesetz steet jo eppes ganz aneschtes. Dat heescht déi Leit fir dass se kënne geschützt gi muss een entweder d’Press ruffen, da geschitt eppes, wat ech awer och lamentabel fannen, oder et musse Leit déi begleeden, déi dann en Impakt, wéi den Okaju, den Ombudsman fir d’Kannerrechter, oder iergendee muss dann intervenéiere fir dass eppes geschitt, well soss geschitt näischt. Dat fannen ech awer richteg lamentabel an engem Etat de droit.”

Och bei der Salariatskammer kann een net novollzéien, datt d’Locatairen net méi geschützt ginn - si wieren nämlech vill méi vum Aarmutsrisiko betraff, wéi d’Proprietären. Fir d’CSL geet et awer och net duer datt Deguerpissemente bis Enn Mäerz verhënnert ginn - an et misst verbuede ginn, datt Leit hire Bail gekënnegt kréien, seet d’Presidentin Nora Back.

“Dat ass jo déi Etapp virdrun, dass Leit wa se kënnen noweisen dass se wierklech an der Onméiglechkeet sinn hire Loyer ze bezuelen duerch eng Ausnamesituatioun, dass se dann och guer net de Bail à loyer kënne gekënnegt kréien.”

D’Nora Back kritiséiert och, datt et zwar Loyerssubventioun ginn zu Lëtzebuerg, awer déi Leit déi dovu benefisséiere missten nach ëmmer ganz dacks net Bescheed doriwwer wëssen.

Back to Top
CIM LOGO