Moscovici iwwert d'Fiskalitéit"D'EU brauch de Vote à la majorité qualifiée"

Annick Goerens
Den EU-Kommissär wënscht sech, dass de Grand-Duché e bësse méi proaktiv am Beräich vun der Fiskalitéit gëtt.
"D'EU brauch de Vote à la majorité qualifiée"
Den EU-Kommissär wënscht sech, dass de Grand-Duché e bësse méi proaktiv am Beräich vun der Fiskalitéit gëtt.

Wann mir strukturell Reforme wëlle maachen, déi fir eis Matbierger nëtzlech sinn, da musse mer progressiv vum „Vote à l'unanimité“ op den „Vote à la majorité qualifée“ am Beräich vun der Fiskalitéit iwwergoen, dat sot den EU-Kommissär Pierre Moscovici en Dënschdeg de Moie virun der Finanz- a Budgetskommissioun um Krautmaart. Hien wënscht sech, dass de Grand-Duché e bësse méi proaktiv gëtt.

Ouni Zweiwel hätt et déi lescht 10 Joer e Paradigmewiessel am Beräich vun der Fiskalitéit hei zu Lëtzebuerg ginn, betount den EU-Kommissär. Déi lescht 4 an d'halleft Joer wären all d'EU-Direktiven an Unanimitéit mam Grand-Duché geholl ginn. An awer wär et elo Zäit fir de nächste Schrëtt, erkläert de Pierre Moscovici en Dënschdeg de Moie virun de Journalisten.

„J'ai évoqué enfin un sujet, que je sais délicat, mais néanmoins qui est pour moi très important. C'est le passage progressif, et j'insiste sur le „progressif“, du vote à l'unanimité au vote à la majorité qualifiée sur les sujets fiscales. Parce que autant je vois que nous avons fait de très bons progrès en matière de lutte contre la fraude et l'évasion fiscale – et je remercie encore une fois le Luxembourg de s'être mis au niveau international et au niveau européen - autant nous restons paralysés par l'unanimité sur une bonne fiscalité de l'énergie, sur la lutte contre l'échauffement climatique, sur le numérique, sur une grande réforme de la TVA, sur l'assiette commune consolidée pour l'impôt sur les sociétés ...“

Bis ewell war d'Lëtzebuerger Regierung awer net begeeschtert vun dëser Propositioun. De Xavier Bettel hat an deem Kontext schonn eemol gesot, dass hien net wéilt, dass Lëtzebuerg seng Fiskalpolitik géing vun aneren EU-Memberstaaten diktéiert kréien. Versteet de Pierre Moscovici d'Positioun vum Grand-Duché?

„Je comprends, ça a été expliqué par plusieurs. L'idée que ce système risquait de minoriser ce qu'on appelle des „petits pays“ entre guillemets, mais le Luxembourg n'est pas un petit pays. Tout n'est pas une affaire de taille. Ce qui compte c'est l'influence, c'est l'idée, c'est la passion qu'on met en Europe. Et le Luxembourg, pays fondateur,  qui a donné plusieurs présidents à la Commission européenne, qui est une force de propositions, n'a pas à craindre la minorité.“

De Pierre Moscovici géing ëmmer vun enger gerechter Fiskalitéit an der EU schwätzen, ma international gesinn, misst ee sech froen, ob et mat senger Propose nach ee „level playing field“ géing ginn, erkläert den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

„Et ka jo net sinn, dass mir eis ganz strikt Reegelen hei ginn an de Rescht vun der Welt suivéiert net: d'Amerikaner, d'Chinesen, d'Japaner, d'Russen. Well da riskéiere mer wierklech eis do an eng ganz schwiereg konkurrenziell Situatioun ze beweegen an dofir ass mengen ech hei Virsiicht nach ëmmer dat Allerwichtegst.“

Et wär eng ganz gutt Reunioun mam EU-Finanzkommissär gewiescht betount nach de Laurent Mosar. Ma et géingen nach eng ganz Réi Froen opbleiwen.

Back to Top
CIM LOGO