Konscht vun Nazi-Regime geklautD'Famill Klestadt fillt sech vum däitsche Staat am Stach gelooss

Marc Hoscheid
Ënnert dem Nazi-Regime haten d'Judden an Däitschland quasi all hir Rechter verluer. A nieft hire Suen an Immobilien hunn sech d'Nazien och hier Konschtwierker ënnert den Nol gerappt.
Konscht vun Nazi-Regime geklaut
D'Famill Klestadt fillt sech vum däitsche Staat am Stach gelooss.

A ville Fäll, waarden d'Nokomme bis haut drop, datt se hire Besëtz zeréck kréien. Sou wéi d'Lëtzebuerger Famill Klestadt, déi sech och vum däitsche Staat am Stach gelooss fillt.

Den Adolf Hitler huet a jonke Joren als Moler geschafft. Spéider huet e seng Muecht ënnert anerem dofir genotzt, fir déi Konschtwierker confisquéieren ze loossen, déi him gefall hunn. Dozou huet och d'Bild "Die Landpartie" vum däitsche Moler Ludwig Knaus aus dem Joer 1890 gehéiert, dat am Führermuseum, deen zu Linz entstoe sollt, ausgestallt sollt ginn. D'Bild huet dem Konschtsammler a Geschäftsmann Moritz Grünthal vun Düsseldorf gehéiert, dee vun den Nazien enteegent gouf. Haut kämpft seng Famill dorëms, d'Bild nees zeréckzekréien.

D'Carmella Klestadt, eng Urenkelin vum Moritz Grünthal: "Wat fir mech einfach wichteg ass, et geet ëm de Prinzip, ob ech et lo hunn oder net, mee et ass een Deel vun eiser Geschicht, vun eisen Erënnerungen, et ass wéi wann een Deel vun eiser Familljegeschicht nees zeréck an eis Famill kommen. Et geet ëm dee sentimentale Wäert a sécher net dee materiellen. Et soll einfach no bausse gedroe ginn, wéi ee Leed deene jiddesche Familljen ugedoe ginn ass. Hei schwätze mer lo iwwer Konscht, mee si hu jo deemools alles verluer."

"Die Landpartie" gouf rezent vun engem Auktiounshaus zu Düsseldorf fir ronn 10.000 Euro versteet, u wien, ass iwwerdeems net gewosst."Well vum däitsche Gesetz hier ass et jo sou, si dierfe keng Nimm erausginn, dat heescht mir wëssen net, wien et ass. D'Auktiounshaus sinn déi eenzeg, déi mat deem Proprietär dierfen a Kontakt trieden, mee dat wat mir als Feedback hunn, deen huet absolut keen Interessi dorunner."Datt d'Bild der Famill Grünthal respektiv Klestadt gehéiert huet, beweist eng Foto, déi deemools vun der Stuff gemaach gouf an an där d'Bild un der Mauer houng. Ma trotz deem Beweis ass ee vum gudde Wëlle vum aktuelle Besëtzer ofhängeg, an do huet een d'Hoffnung nach net opginn.

Kathrin Mess, Historikerin a Schrëftstellerin: "Ich kann mir gut vorstellen, wenn er wüsste, was für eine Familiengeschichte dahinter steckt, das ist ja die Geschichte der Familie Klestadt, Grünthal, die vertrieben wurde. Der Gerd Klestadt und seine Familie, sein Vater, seine Mutter, sein Bruder und mehrere andere Familienmitglieder waren im Konzentrationslager, erst in Westerbork, dann in Bergen-Belsen. Man muss sich mal fragen, wer möchte ein so dermaßen blutbeflecktes Bild in seinem Wohnzimmer hängen haben? Also ich möchte so ein Bild nicht haben."

Am Fong huet een Auktiounshaus d'Flicht, d'Provenienz, also d'Hierkonft, vun engem Konschtwierk ze iwwerpréiwen. Dofir gëtt normalerweis op international Datebanken zeréckgegraff, zum Beispill déi vum däitschen historesche Museum.

De Willi Korte, Expert fir Nazi-Raubkonscht vum Max-Stern-Institut)"Da ist dann auch der Name des Künstlers, der Titel des Bildes, da gibt es dann auch eine Schwarz-Weiß-Abbildung. Also mit anderen Worten, wenn das Kunsthandelshaus in Durchführung der Sorgfaltspflicht den Namen bei Google eingegeben hätte, also Name des Künstlers und Name des Titels, dann wären sie innerhalb von wenigen Minuten auf diesem Bild auf der Website des Deutschen Historischen Museums gelandet und dann wäre das Ergebnis gewesen, dieses Bild war Teil der Sammlung Hitler."

Fir dofir ze suergen, datt d'Bild méiglechst net méi weiderverkaaft ka ginn, gouf et op der Internetsäit "Lost Art" registréiert, déi vun der "Stiftung Deutsches Zentrum Kulturgutverluste" bedriwwe gëtt. Am Idealfall géing de Besëtzer d'Bild un d'Auktiounshaus zeréckginn an dat géing da kucken, fir sech mat der Famill Klestadt eens ze ginn. Sou kéim dann eng Odyssee vu ronn 90 Joer op een Enn.

Back to Top
CIM LOGO