Nazi-RaubkonschtEng Lëtzebuerger Famill kämpft ëm e verluerent Bild

Annick Goerens
De Moritz Grünthal war Konschtsammler a Geschäftsmann zu Düsseldorf. Wéi hien 1936 op eng Geschäftsrees a Südafrika gaangen ass, gouf hie gewarnt, net méi zeréckzekommen. Wärend senger Absence gouf säi Betrib "ariséiert" an anere Wierder: d'Nazien hunn hien enteegent.
D'Kathrin Mess an d'Carmie Klestadt
D'Kathrin Mess an d'Carmie Klestadt
© Annick Goerens

Säi ganze Besëtz gouf geplëmmt an all seng Konschtwierker si verschwonnen. Méi wéi 80 Biller. Eent dovunner ass elo erëm opgetaucht: "Die Landpartie" vum Ludwig Knaus aus dem Joer 1890. E Bild, dat esouguer emol am Besëtz vum Adolf Hitler war. Haut kämpft d'Famill drëm, et zeréckzekréien. Eng vun den Ierwinnen d’Carmella, genannt Carmie Klestadt, lieft zu Lëtzebuerg. Si ass d'Urenkelin vum Moritz Grünthal.

"Et geet jo net ëm de materielle Wäert, et geet einfach ëm de Prinzip, einfach ëm de Fait, et ass jo d’Geschicht derhannert. Ech mengen, et si jo och Erënnerungen an dass et am Fong och een Deel vun eiser Famill ass."

Nazi-Raubkonscht - Famill kämpft ëm verluerent Bild / Reportage Annick Goerens

Vum Klau bis an dem Hitler säi "Führermuseum"

De Papp vum Carmie an den Enkel vum Moritz Grünthal ass de Gerd Klestadt. Hie war Iwwerliewende vum Holocaust an huet sech bis zu sengem Doud am Januar zejoert och dofir agesat, dass d'Erënnerung net verluer geet.

"Hien huet säi Liewe laang dofir gekämpft, dass d'Erënnerung net vergiess gëtt. Dat heescht, hien huet jo och Temoignagen an der Schoul gemaach iwwert säi Liewen. Ech mengen, hien huet jo zwee KZer mat iwwerlieft, eebe fir dass een net vergësst, wat geschitt ass a wouzou Haass och ka féieren".

D'Bild "Die Landpartie" ass nom Klau vun de Nazien duerch verschidden Auktiounshaiser gaangen an och am Besëtz vum Adolf Hitler gelant, dee Konscht fir säi geplangte "Führermuseum" zu Linz gesammelt huet. D'Bild war duerno och zu Altaussee* gelagert.

"Die Landpartie" vum Ludwig Knaus aus dem Joer 1890
"Die Landpartie" vum Ludwig Knaus aus dem Joer 1890
© Annick Goerens

Eng Foto als entscheedende Beweis

Nom Krich ass d'Spuer vum Bild verluer gaangen. Bis elo. D'Historikerin a Schrëftstellerin Kathrin Mess hat 2024 eng Biographie iwwer de Gerd Klestadt geschriwwen. An am Summer 2025 krut si eng Email vum Expert Wili Korte**. Hie schafft fir e Fuerschungsprojet vum Max-Stern-Institut a Kanada a sicht no Konschtwierker, déi jiddesche Famillje vun den Nazie geklaut goufen.

"Leute aus dem Projekt haben einfach den Namen Klestadt gegoogelt und gesehen, dass der Name Klestadt mit meinem Namen verbunden ist. Dann haben sie festgestellt, dass es eine Biografie gibt, und diese bestellt. Tatsächlich haben sie in dieser Biografie das Bild entdeckt und können über diese Abbildung jetzt wirklich eins zu eins nachweisen: Dieses Bild war tatsächlich im Besitz der Familie Grünthal-Klestadt."

Op där Foto gesäit een d'Bild am Salon vun der Famill iwwert dem Piano hänken. A genee dëse Beweis huet et méiglech gemaach, fir d'Bild ze identifizéieren.

Firwat kann d'Bild net einfach restituéiert ginn?

Obwuel elo kloer ass, dass et "Nazi-Raubgut" ass, kritt d'Famill et awer net automatesch zeréck. De Problem ass dat däitscht Restitutiounsgesetz. Et hätt ee keng rechtlech Grondlag.

"In Deutschland ist es so, wenn man etwas kauft und nicht weiss, dass es Diebesgut ist, dann darf man das behalten."

Well d'Bild iwwer Joerzéngten ëmmer nees weider verkaf gouf, gëllt den aktuelle Proprietär juristesch als geschützt. D'Famill bleift also just den ëffentlechen Drock.

"Gefordert ist der deutsche Staat. Ich finde, er sollte erstens ein restitutionsfreundliches Rückgabegesetz verabschieden. Und er sollte die Erben, die ihre Bilder nicht zurückbekommen können, zumindest entschädigen. Das Thema muss außerdem viel stärker öffentlich thematisiert werden."

"Et ass net just e Bild"

D’Carmie Klestadt betount: et geet net ëm Suen. D'Bild gouf d'lescht Joer vun engem Düsseldorfer Auktiounshaus fir ronn 10.000 Euro versteet. Et hätt e Wäert vun 20 - 30.000 Euro, mee vill méi wichteg wier déi symbolesch Bedeitung.

"Vläicht menge vill Leit, dass et just e Bild ass. Mee et ass jo net just e Bild. Et ass déi ganz Geschicht derhannert. Et ass dat jo einfach ewech geholl ginn ass. Ech mengen, wann et verkaaft gi wier, ok dann ass et esou, da siche mer vläicht. Awer hei ass et einfach ewech geholl ginn, well si net an d'Bild vum Hitler gepasst hunn a verfollegt gi sinn."

D'Historikerin Kathrin Mess ass däitlech.

"Wir geben nicht auf."


* D'Bild "Die Landpartie" war tëschenzäitlech och am Salzbiergwierk vun Altaussee an Éisträich gelagert. Do, wou d’Nazien hir am Zweete Weltkrich geklaute Konschtschätz virun de Bombardementer verstoppt haten. Am Fall vun enger Néierlag vun Nazi-Däitschland sollt dee Konscht-Schatz op Uerder vum Hitler komplett zerstéiert ginn. Amerikanesch Spezialeenheeten konnten d'Wierker awer nach retten. Déi spektakulär Rettungsaktioun gouf spéider och am Film "The Monuments Men" mam George Clooney verfilmt.

**De Wili Korte ass en däitsch-amerikanesche Fuerscher an Expert fir Nazi-Raubkonscht, deen zanter Joren no verschwonnene Konschtwierker aus jüddeschem Besëtz recherchéiert. An dee sech op d'Restitutioun vu Nazi-Raubgut spezialiséiert huet.

Back to Top
CIM LOGO