Antibiotiquen huelenD'Fauschtreegel misst sinn, "esou mann wéi méiglech"

Monica Camposeo
Lëtzebuerg wëll den Asaz vun Antibiotiquë reduzéieren. Dat geet ganz däitlech aus dem éischte Rapport de Surveillance ervir.
Antibiotiquen huele sou mann wéi méiglech
Lëtzebuerg wëll den Asaz vun Antibiotiquë reduzéieren. Dat geet ganz däitlech aus dem éischte Rapport de Surveillance ervir.

Dee gouf am Kader vum nationale Plang fir de Gebrauch vun Antibiotiquë gemaach. Ma fir dat Zil ze erreechen, ass en Zesummespill tëscht der Landwirtschaft, der Ëmwelt an dem Mënsch néideg.

Antibiotiquë solle just bei bakteriellen Infektiounen an den Asaz kommen. Ma dat ass awer net ëmmer de Fall. D’Dr. Therèse Staub, vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses, ënnersicht am Aarbechtsgrupp « Surveillance » ënnert anerem dëse falschen Asaz vun Antibiotiquen. Dozou kënnt et zum Deel, wann net genee gewosst ass, ob et sech ëm Bakterien oder Viren handelt. Dacks wier ënnert de Leit eng Angscht, eng méiglech bakteriell Infektioun ze verpassen. Fir awer net Antibiotiquen ze huelen, ouni dass se onbedéngt néideg sinn, kéinten och Tester gemaach ginn. Bei enger Gripp zum Beispill bräicht ee keng.

EU-Verglach: Lëtzebuerg am Mëttelfeld

A verschidde Länner géinge bal guer keng Antibiotiquë benotzt ginn. Wärend am Süde vun Europa tendenziell méi där Medikamenter verschriwwe ginn. Lëtzebuerg positionéiert sech am EU-Verglach am Mëttelfeld. Op jidder Fall bräicht een eng besser Opklärung, esou nach d’Dr. Staub. Wat an engem Land nämlech méi Antibiotiquë benotzt ginn, wat d’Resistenzen och an d’Luucht ginn. An dat net just beim Mënsch.

Dofir muss zesumme geschafft ginn, Ëmwelt a Landwirtschaft spillen nämlech och eng Roll. Ze vill Antibiotiquë suergen dofir, dass d’Bakterië kënne resistent ginn. Da wierkt d’Medikament net méi. Den Dr. Félix Wildschutz schwätzt dowéinst vun engem Problem vun ëffentlecher Gesondheet. D’Resistenzë kënnen nämlech och vun den Déieren op de Mënsch iwwergoen an ëmgekéiert. All Acteur huet aus deem Grond seng Verantwortung ze droen.

Auto-Medikatioun ass e grousse Problem

An der Déieremedezin hätt een an de leschte Jore schonn eng Reduktioun vum Gebrauch kënne festellen. An déi Richtung sollt et elo och weidergoen. D’ Zil ass, dass den Asaz vun Antibiotiquen all Joer 5 bis 10 Prozent zeréck geet.

Souwuel bei den Déiere wéi och bei de Mënschen ass ee grousse Problem och dee vun der Auto-Medikatioun. Also wa Leit fir sech, hir Kanner oder hir Déieren Antibiotiquen notzen, déi si nach am Schaf hunn, ouni virdrunner mat enger Doktesch oder engem Veterinär Récksprooch gehalen ze hunn.

Och Dr. Staub réit dovunner of, Antibiotiquen, déi een nach doheem huet, ze huelen. Et géing och keng Fauschtreegel ginn, wéi dacks een am Joer Antibiotiquë kann huelen. Sou mann wéi méiglech, wier ëmmer nach am beschten.

Back to Top
CIM LOGO