
Et war e kaalt Fréijoer 2021. Wéi den nationale meteorologesche Service vum Landwirtschaftsministère mellt, gouf et dëst Joer e Minus vun 2,2 Grad an der Moyenne am ganze Land. D'Analyse vun AgriMeteo gounge vum 1. Mäerz bis den 31. Mee.


Am Norde vum Land huet et net genuch gereent, am Süden allerdéngs ze vill.

Op déi eenzel Méint gekuckt, konnt festgestallt ginn, dass de Mäerz zimmlech variabel war. Den 31. Mäerz gouf zu Kënzeg eng nei Rekordtemperatur vu 25,4 Grad gemooss. Sou waarm war et nach ni am drëtte Mount vum Joer. Den Abrëll war ze kal an ze dréchen. Am Verglach zu de Jore virdru war de Mee ze kal an ze fiicht.

Wéinst de kalen Temperaturen huet d'Vegetatioun mat Verspéidung ugefaange mat bléien. Bei de landwirtschaftlech Kulture wier een dogéint zefridden. De spéide Frascht huet awer fir Schued an de Wéngerten an an de Bongerte gesuergt. Dës Schied variéieren awer vu Plaz zu Plaz.